1966 gouf déi éischt Biergcourse vu Luerenzweiler erop op Blaaschent organiséiert.

Um Depart waren lauter deemools modern Autoen, déi haut Klassiker sinn an an engem gudden Zoustand vill Suen wäert sinn. Iwwert d’Joren gouf dës international Biergcourse wäit iwwert d’Grenzen eraus bekannt, esou dass vill auslännesch Piloten Ouschterméindeg op Luerenzweiler koumen, wéi de fréiere franséische Biergchampion Christian Debias, dee vun de Mëtt 80er Jore bis wäit an déi 90er sech en etlech Mol hei behaapt huet.

Vu Lëtzebuerger Säit gouf hei och vill Motorsportgeschicht geschriwwen duerch de Nekel Koob, Ali Kridel, Jean Welkenbach a John Lagodny, grad wéi vum Christian Hauser, Conny, a Fränk Maas, déi sech och en etlech Mol am Generalklassement ervirgedoen hunn. A ganz vir am General war 2012 de Guy Demuth op sengem Osella FA30.

Um Méindeg war de Revival vun dëser traditioneller Biergcourse, eng Initiative, déi iwwer Jore preparéiert gouf an eng positiv Ënnerstëtzung fonnt huet.

Well dës Biergcourse just fir d’Lëtzebuerger Championnat zielt, ware knapps 50 Piloten um Depart, eng déck Dosen aus dem Ausland. Den Sloween Patrik Zajelsnik war ee vun hinnen a war frou, nees un dëser Biergcourse deel ze huelen

D’Streck gouf em e puer Meter no uewe verréckelt an d’Piloten hunn en excellente Belag bei dëser éischter Biergcourse vun der Saison virfonnt, fir hir Boliden eng éischte Kéier dëst Joer ze testen.

Eng ganz Rei Piloten waren dann och scho ganz séier a spektakulär ënnerwee. De Patrik Zajelsnik war am Virfeld de Favorit a konnt sech op sengem Norma M20 F um Blaaschenter mat engem neien Streckrekord duerchsetzen.

Op déi 2. Plaz kënnt den Dany Demuth och op enger Norma, hie war um Enn eng déck Sekonn méi lues wéi de Gewënner. Drëtten um Podium war den Tommy Rollinger op enger Osella FA30.

Déi nächst Biergcourse hei am Land steet virun der Dier an zwou Wochen zu Eschduerf.