De Steve Jans dreemt dovunner emol un der 24-Stonne-Course zu Le Mans un den Depart ze goen. Ee Schrëtt an déi richteg Richtung ass him elo scho gelongen.

Dëst Joer ass et nach net sou wäit, ma awer konnt hie schonn e bësse Le-Mans-Loft schnupperen.

Getspeed hat am Kader vun der 24-Stonne vu Le Mans e Gaaschtoptrëtt, dat beim "Le Mans Cup".

Um Auto mat der Startnummer 14 sinn en Donneschdeg de Lëtzebuerger Steve Jans an den Amerikaner Anthony Bartone op engem Mercedes-AMG GT3 ugetrueden.

RTL

© Getspeed

Gestart si se vu Plaz 53, deemno aus der 27. Startrei vun 29. An der GT3-Kategorie war dat Startplaz 10. Dëst war deemno keng optimal Ausgangsbasis fir d'Course, ma ëmmerhin hate se 14 Ronnen Zäit, fir um iwwer 13 Kilometer laange Circuit Plaze guttzemaachen.

Un der Spëtzt waren et déi vill méi séier Autoen aus der LMP3-Kategorie, déi de Gros vum Starterfeld ausgemaach hunn.

De Steve Jans ass de Start gefuer no engem éischter virsiichtegen Ufank, huet hie awer richteg Gas ginn, wou e bis am Rhythmus war. Ee Konkurrent nom anere konnt hien op der Streck iwwerhuelen, sou dass hien no 7 Ronne bis op Plaz 3 an der GT3-Kategorie no vir gefuer ass. Nom Boxestopp huet den Anthony Bartone d'Steier vum Mercedes iwwerholl. Deen Ament konnte si Plaz 3 verdeedegen. Den Amerikaner hat 20 Sekonne Réckstand op de Leader an der Klass... ma dat sollt keen Hindernis sinn. Ronn fir Ronn huet e sech no vir gekämpft an um Enn war et déi sensationell Victoire an der GT3-Kategorie fir de Lëtzebuerger-amerikaneschen Duo.

Domadder konnt de Steve Jans sech e klengen Deel vu sengem Kandheetsdram erfëllen. E konnt zu Le Mans fueren an huet hei souguer seng Klass gewonnen... och wann et just am Rameprogramm vun der legendärer 24-Stonne-Course war. Ma dat ass sécherlech en Motivatiounsboost fir seng weider Karriär.

Eng weider Geleeënheet sech ze beweisen huet de Lëtzebuerger e Samschdeg de Moien, wann eng weider Manche vum Le Mans Cup gefuer gëtt.