De Lando Norris gewënnt virum Oscar Piastri an dem George Russell. De Charles Leclerc huet wéinst Problemer mat der Powerunit e bessert Resultat verpasst.

De Lando Norris gewënnt déi 40. Editioun vum Grousse Präis vun Ungarn, obwuel de Britt de Start komplett an de Sand gesat hat. Hie ka sech knapp viru sengem Coequipier Oscar Piastri behaapten. Den George Russell profitéiert vun engem technesche Problem beim Charles Leclerc a klëmmt op de Podium. De Monegass séchert sech déi 4. Plaz. De Fernando Alonso fiert bei sengem 22. Grand-Prix an Ungarn op Plaz 5 a kënnt viru sengem Padavan Gabriel Bortoleto a sengem Coequipier Lance Stroll un. De Liam Lawson gëtt Aachten, virum Max Verstappen an dem Kimi Antonelli.

An der Gesamtwäertung mécht de Lando Norris 7 Punkten op de Piastri gutt an huet elo nach 9 Punkte Réckstand op den Australier. De Verstappen ass op Plaz 3 schonn zimmlech ofgeschloen. Bei de Konstrukteure bleift McLaren eng Liga fir sech.

Ferrari verpasst e bessert Resultat

D'Course hat fir de Leclerc eigentlech gutt ugefaangen. De Monegass hat den Depart gewonnen a blouf virum Piastri, huet seng Féierung no sengem éischte Boxestopp awer un den Norris mussen oftrieden, deen no sengem schlechte Start op eng Ee-Stopp-Strategie gesat gi war. An der 50. Ronn huet de Ferrari awer op eemol staark u Leeschtung ofgebaut an de Leclerc musst dem Piastri déi zweet Plaz iwwerloossen. Vun hanne koum de Russell bannent 6 Ronnen erun a konnt de Monegass a sengem 140. Grand-Prix fir Ferrari an der 62. Ronn iwwerhuelen an nach op de Podium klammen.

Den Norris hat d'Féierung an der 46. Ronn iwwerholl, wéi de Piastri säin zweete Stop ageluecht hat. An de leschten 10 Ronne koum de Piastri mat senge frësche Pneuen ëmmer méi no un den Norris erun. Den Australier huet et e puermol versicht, mee koum net laanscht säi Coequipier.

Fir de Max Verstappen war et e Weekend fir ze vergiessen. Den amtéierende Weltmeeschter hat bei senger 200. Course fir Red Bull direkt beim Start e puer Plaze verluer, huet sech déi duerno awer nees zeréck, an trotzdeem koum den Hollänner net iwwer Plaz 9 eraus. Och fir de Lewis Hamilton war et e schwaarze Weekend. De Rekordweltmeeschter war vu Plaz 12 an d'Course gaangen a koum och genee do nees un.

No der 14. Course vun der Saison geet d'Formel 1 elo mol an d'Summerpaus. Enn August geet et zu Zandvoort an Holland weider.

FORMULA 1 LENOVO HUNGARIAN GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

De Kalenner vun der Saison 2025