De Weekend huet d'WRC Rallye eng éischte Kéier e Stopp am Paraguay gemaach.

Um Enn konnt sech de Sebastien Ogier d'Victoire mat 26,2 Sekonne Virsprong virum Elfyn Evans an dem Thierry Neuville sécheren.

De Fransous hält duerch de Succès am Paraguay seng Chancen op säin néngte WM-Titel weider héich. Am Generalklassement steet hien elo punktgläich mam Kalle Rovanperä mat 189 Punkten op der zweeter Plaz, dat hannert dem Leader Elfyn Evans mat 198 Punkten.

Déi nächst Manche vun der WRC-Rallye ass vum 11. bis 14. September am Chile.