
De Lëtzebuerger Equipage war nees mat hirem Isuzu Dmax am Asaz. Bei der Baja Aragon gouf iwwer 2 Deeg gefuer, woubäi 2 Speciallen vun 164, respektiv 86 Kilometer 2 mol gefuer ginn.
Freides si se mat enger gudder 13. Plaz an d’Course gestart, déi si och bis um Enn vum 1. Dag verdeedege konnten.
Samschdesmoies op der 86km-laanger Special wollte si dunn attackéieren, fir sech am General nach weider no vir ze kämpfen. Si si scho freides mëttes déi selwecht Special gefuer, an haten et op där méi lues ugaangen, fir den Auto an d’Material ze schounen. Hire Plang war och opgaangen, well si konnte sech mat eng gudder Leeschtung souguer bis op Plaz 9 no vir kämpfen.

Mat deem Resultat am Réck, war souguer nach eng 8. Plaz am General méiglech... ma leider sollt et anescht kommen. Op der leschter Special kruten Arellano/Bigard bannent nëmmen 20 Kilometer direkt 2 Platten. Duerch dëse Pech si se op déi 11. Plaz zeréckgefall.

Op der Arrivée war d’Freed iwwert dëst gutt Resultat awer grouss, och wa se nach méi hätten erreeche kënnen. Mä dat Resultat bréngt Zouversiicht fir de Recht vun der Saison.
Den nächsten Asaz ass viraussiichtlech vum 24. bis 26. Oktober bei der Baja Portalegre a Portugal.
