
Den Dylan Pereira ka sech aktuell net iwwert ze wéineg Beschäftegung beschwéieren. War en Ufank Juli nach fir e Gaaschtoptrëtt am Porsche Cup Asia am Asaz a konnt do eng zweet an eng drëtt Plaz am Generalklassement feieren, sou stoung Mëtt Juli d'GT World Challenge Europe um Programm. Hei ass en zesumme mam däitschen Alex Aka um Audi R8 LMS GT3 EVO II gefuer a si konnten a béide Courssen hir Klass gewannen, dat um Circuit zu Misano an Italien.

E Samschdeg fiert e mam Team48 Losch Motorsport by Black Falcon um Nürburgring bei der NLS7, dat um Porsche 911 GT3 R Evo. De Qualifying ass moies vun 8:30 bis 10 Auer. Um 12 Auer ass dann de Start vun der 6-Stonne-Course, déi da bis 18 Auer geet. Hie fiert hei zesumme mam Patrick Assenheimer a mam Tobias Müller.

Um 21:05 Auer e Samschdeg den Owend ass da schonn de Start vun der 1. Course an der GT World Challenge zu Magny Cours a Frankräich, dat um Audi R8 LMS GT3 EVO II vum Team Tresor Attempto Racing. Ma dat ass net alles, well sonndes ass nach eng zweet Course an der GTWC.

D'Distanz tëscht deenen zwee Circuite sinn, jee no Streck, 605 bis 712km an et brauch ee ronn 7 Stonne fir den Trajet.
Donneschdeg
Moies fréi um 5 Auer geet et scho lass fir de Lëtzebuerger, dee sech dann op de Wee Richtung Magny Cours mécht, dat mam Auto. Begleet gëtt hie vu sengem Papp Guillaume Pereira. Zu Magny Cours ass mëttes vun 13:45 bis 15:45 Auer eng "paid test session" vun der GTWCE, un där säin Team Tresor Attempto Racing deelhëlt. Hei profitéiert den Dylan dann, fir de perfekte Setup fir den Auto erauszefueren.
Freideg
Um 11:30 Auer ass den "Drivers Briefing" vun der GTWC, éier dann um 14:10 Auer den 1. Fräien Training gefuer gëtt, wou hien dann och am Auto sëtzt.
Nom Fräien Training geet et dann nees mat sengem Papp a Richtung Nürburgring, wou en dann owes géint 22 Auer wäert ukommen, an do ass da mol schlofen ugesot.

Samschdeg
Och bei der NLS muss den Dylan Pereira un engem "Drivers Briefing" deelhuelen. Well e freides owes um 18:30 Auer net kann dobäi sinn, gëtt et samschdes moies um 7:30 Auer nach emol en Extra Briefing fir déi Piloten, déi freides verhënnert sinn.
Um 8:30 Auer geet et da lass mam Qualifying, deen den Dylan Pereira da quasi als säi "perséinleche Fräien Training" notzt, well se hei annerhallef Stonn Zäit hunn. Als éischt klëmmt awer den Tobi Müller an den Auto, dat mat fuschneie Pneuen. Hie probéiert dann, eng gutt Qualifikatiounszäit ze fueren. Duerno fiert den Dylan 4 bis 5 Ronnen. Deemno wéi hie sech am Auto spiert, respektiv wéi vill Zäit nach bleift, kritt hien och nach emol en neie Saz Pneuen a probéiert och eng Qualifikatiounszäit ze fueren.
Um 12 Auer ass dann de Start vun der 6-Stonne-Course NLS7. Den Dylan Pereira fiert hei dann de Start a viraussiichtlech och just 1 Stint. Hei ginn tëscht 7-8 Ronne gefuer respektiv ongeféier eng Stonn. Well hien um Punkt 14 Auer muss spéitstens um Nürburgring fortfueren, fir nees op Magny Cours ze kommen, huet en deemno net wierklech Sputt fir nach en zweete Stint ze fueren. Um 14 Auer geet et da lass a Richtung Magny Cours. Ënnerwee wäert en da gewuer ginn, op wéi enger Positioun seng Teamkolleegen Tobias Müller an Patrick Assenheimer de Porsche 911 GT3 R Evo an d'Zil bruecht hunn um Nürburgring, respektiv, wéi et fir si an der ProAm gelaf ass.
Wann ee mat 7 Stonne Fuerzäit rechent, ass ee fir 21 Auer zu Magny Cours, wou um 21:05 Auer den Depart vun der éischter Course ass. Den Depart fiert hei dann den Alex Aka, deen och de Qualifying mëttes gefuer ass. Hei ass et dann immens wichteg, dass de Lëtzebuerger mat Zäite prett ass, well tëscht der 25. an der 35. Minutt vun der Course muss de Pilotewiessel gemaach ginn! Deemno muss den Dylan spéitstens um 21:40 Auer am Audi R8 LMS GT3 EVO II sëtzen, fir dann den zweeten Deel vun der 60-Minutte-Course ze fueren. Am RTL-Interview huet e gesot, e géif hoffen, dass en dann net direkt an engem Zweekampf mat engem anere Pilot ass, well en awer 1-2 Tier wäert brauchen, fir sech un den Audi ze winnen, nodeems e jo puer Stonne virdrun nach am Porsche souz.
Wann alles perfekt leeft, kënne se dann owes géint 22:10 Auer um Podium zu Magny Cours stoen, an hir Positioun am Gold-Cup feieren.
Sonndeg
Hei ass et dann e bësse méi en "normalen" Dag fir de Lëtzebuerger. Um 11 Auer ass de Qualifying fir déi 2. Course an der GT World Challenge Europe. Dee fiert den Dylan dann, fir seng Startpositioun fir d'Course um 15:30 Auer erauszefueren. Hei fiert hien da, wéi gesot, de Start a gëtt fir den zweeten Deel vun der Course un den däitschen Alex Aka of, deen den Auto mat der Startnummer 99 dann hoffentlech op enger gudder Positioun iwwert d'Arrivée fiert. Um 16:40 Auer ass zu Magny Cours dann de Podium, wou mer dann am beschte Fall och nees den Dylan Pereira gesinn, wa se am Gold-Cup ganz vir konnte mathalen. Zu Misano stounge se déi éischte Kéier dës Saison zwee Mol ganz uewen um Podium.
Vu Magny Cours aus geet et da weider a Richtung Spuenien fir den Dylan Pereira, wou eng Woch Training usteet, éier e sech eng Woch Vakanz a Portugal gënnt, well da geet et scho weider mat den nächste Courssen.
Dësen duebelen Asaz ass dann och net de leschte fir dëst Joer. Enn August huet den Dylan Pereira dann nach emol een änlechen Challenge viru sech, och wann do d'Distanzen net grad sou wäit sinn. Vum 28.-30. August ass d'Ronn 7 vun der GT World Challenge Europe, déi Kéier um Nürburgring. Parallel ass de Lëtzebuerger bei der 24-Stonne-Course zu Zolder an der Belsch am Asaz. Tëscht den zwou Strecke si just ronn 200km, déi an ongeféier 2,5 Stonnen ze meeschtere sinn.
