GT World Challenge EuropeDylan Pereira net mat den erhoffte Resultater bei den zwou Courssen zu Magny Cours

Andy Brücker
Eng zweet Plaz e Samschdeg am Gold-Cup gouf nach duerch eng Zäitstrof oferkannt a bei der zweeter Course huet een d'Zillinn net gesinn.
© Guillaume Pereira

Den Dylan Pereira hat jo e besonnesch hektesche Renn-Weekend, well hien tëscht der 6-Stonnen-NLS-Course um Nürburgring, an der GTWC zu Magny Cours hin an hier gependelt ass.

No sengem Stint bei der NLS ass hie jo direkt an den Auto geklommen a Richtung Magny Cours gefuer, iwwerdeem seng zwee Teamkolleegen Tobias Müller a Patrick Assenheimer eng exzellent 3. Plaz am Generalklassement feiere konnten, respektiv Plaz 1 an der PRO-AM-Wäertung. Dat dierft dem Dylan Pereira déi néideg Motivatioun ginn hunn, fir bei der éischter Course zu Magny Cours samschdes owes Vollgas ze ginn. Dat huet hien dann och gemaach, well en huet den Audi R8 LMS GT3 EVOII vum däitschen Alex Aka iwwerholl an e konnt a senger Klass bis op Plaz 2 no vir fueren. Deemno war d'Freed grouss, wéi se um Podium stoungen. Allerdéngs huet d'Freed net laang ugehalen, well no der Course koum d'Meldung, dass den Auto mat der Startnummer #99 eng 18 Sekonnen Zäitstrof kritt, dat well se an enger Full Course Yellow-Phas ze séier gefuer sinn. Domadder fale se vu Plaz 2 op Plaz 4 am Gold-Cup zeréck a verléiere wichteg Punkten. Hätte se hir zweet Plaz behalen, wäre se bis op 6,5 Punkte u Plaz 1 erukomm am Gold-Cup.

E Sonndeg fir ze vergiessen

Mat e bësse Frust dierft een deementspriechend an de Qualifying um Sonndeg de Moie gaange sinn, fir den zweete Laf mëttes. Allerdéngs ass de Frust hei net manner ginn. Um Audi R8 vun Tresor Attempto Racing hat ee Problemer mat de Bremsen. Doduerch konnt den Dylan Pereira keng valabel Zäit am Qualifying fueren an et war ee gezwonge vu ganz hannen den Depart vun der Course ze huelen.

Vun der 44. Plaz ass den Dylan Pereira e Sonndeg de Mëtteg gestart an et gouf kaum bis wéineg Hoffnung, nach e gutt Resultat ze realiséieren. Allerdéngs war de Lëtzebuerger richteg gutt a Form an huet sech aus all Misär erausgehalen, ouni awer ze verpassen sech no vir ze kämpfen. Net manner wéi 22 Plaze konnt hie gutt maachen a sengem Stint, éier et dunn no engem heftegen Accident e Renn-Ofbroch ginn ass. D'Autoen hu mussen zeréck an d'Boxegaass, wärend den accidentéierten Auto gebuerge gouf, d'Streck gebotzt an d'Sécherheetsinfrastrukture gefléckt goufen.

Et hu keng Pilotewiessel dierfe gemaach ginn, deemno ass den Dylan fir de Re-Start nach emol an den Audi geklommen, fir nach e puer Ronnen ze fueren, éier den Alex Aka den Auto iwwerhuele konnt. Du koum awer dat, wat net hätt dierfe geschéien. Den Dylan Pereira huet sech hanne lénks e Platten agefaangen, nodeems en e BMW iwwerholl hat. En Teamkolleeg op Audi hat sech hannendru gehaangen a krut den Dylan dunn hanne säitlech ze paken, wouduerch et zum Platte komm ass. En huet d'Ronn mam Platte mussen zu Enn fueren, fir dann un d'Box ze kommen. Deen Ament huet den Alex Aka awer nach net dierfen an den Auto klammen. Et huet een also wäertvoll Zäit verluer an ass bis op déi 38. Plaz zeréckgefall, wëssentlech dass een nach emol an d'Box komme muss. Den Alex Aka ass kuerz drop an den Auto geklommen an ass dem Feld hannendru gefuer. Et huet sech erausgestallt, dass duerch de futtisse Pneu wuel och eppes um ABS beschiedegt gouf. Deemno gouf kuerzerhand decidéiert d'Course net op en Enn ze fueren an den Auto an der Box ofzestellen.

De Speed war do

Dass et besser hätt kënne lafen, weisen d'Beschtzäiten an deene verschiddene Courssen. Um Samschdeg ass den Dylan Pereira um Audi déi 6.-séierst Zäit vun alle Pilote gefuer. An der 30. Ronn war et eng 1:38,209 fir de Lëtzebuerger.

Um Sonndeg war den Audi mat der #99 nach emol méi séier... 1:37,230 war déi zweet séierst Zäit am ganze Feld, deen Ament gefuer vum Alex Aka. D'Potential ass deemno do, et feelt just déi néideg Fortune.

© Guillaume Pereira

Nach zwee Rendez-vousen, fir d'Sprint-Saison ze retten

Magny Cours hätt kënnen de Kampf am Gold-Cup nei relancéiere fir den Dylan an den Alex. Plaz 2, respektiv Plaz 1 wieren dra gewiescht, éier et fir déi zwou lescht Courssen op Zandvoort, respektiv Barcelona geet. Leader am Gold-Cup sinn den Tommaso Mosca an de Matias Zagazeta mat 68 Punkten. Den Dylan Pereira an den Alex Aka leien op Plaz 5 mat 45,5 Punkten. Si hunn deemno elo nach 4 Courssen vun 1 Stonn (2 x Zandvoort an 2 x Barcelona), fir sech an deem Klassement weider no vir ze kämpfen.

Back to Top
CIM LOGO