Formel 1Jost Capito net méi Teamchef vu Williams

RTL Lëtzebuerg
An der Formel 1 trëtt de Jost Capito als Teamchef vu Williams zeréck.
© AFP

De fréiere Motorsportchef vu VW stoung elo déi lescht zwee Joer bei der Traditiounsecurie an der Responsabilitéit. De 64 Joer alen Däitsche sollt Williams nees an d’Spuer vum Succès zeréckféieren. Esou richteg gegléckt ass him dat awer och net. D’brittesch Ecurie, déi vun enger amerikanescher Investmentfirma gehale gëtt, huet d’lescht Saison op der leschter Plaz an der Konstrukteursweltmeeschterschaft mat just 8 Punkten ofgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO