No éischter Participatioun am Joer 2020Fernando Alonso fiert eng weider Kéier d'Rallye Dakar

Sam Rickal
Viru 6 Joer huet den zweefache Formel-1-Weltmeeschter seng Premiere beim Tour duerch Saudi-Arabien gefeiert. 2027 geet hien eng weider Kéier un den Depart.
Scho virun 6 Joer war de mëttlerweil 45 Joer ale Spuenier bei der Rallye Dakar mat dobäi.
Scho virun 6 Joer war de mëttlerweil 45 Joer ale Spuenier bei der Rallye Dakar mat dobäi. Deemools nach fir Toyota.
© FREDERIC LE FLOC H / DPPI MEDIA / DPPI VIA AFP

Bal 450 Courssen ass de Fernando Alonso an der Formel 1 gefuer, dovu konnt hien 32 Victoirë feieren. Och d'nächst Joer fiert hie weider fir Aston Martin an der Kinneksklass vum Automobil-Sport, allerdéngs och bei der Rallye Dakar. Et gëtt dem mëttlerweil 45 Joer alen Alonso seng zweet Participatioun no 2020, deemools nach fir Toyota.

Aston Martin huet en Dënschdeg seng Fuerer annoncéiert. Dem Spuenier säi Co-Pilot gëtt de Marc Coma, deen d'Rallye Dakar scho 5 Mol gewonnen huet an och viru 6 Joer un der Säit vum Alonso gefuer war. Komplettéiert gëtt d'Ekipp ënner anerem vum fréieren 9-fache Rallye-Weltmeeschter Sébastien Loeb an dem aktuelle FIA-Weltmeeschter am Rallye-Raid Lucas Moraes.

Anescht wéi déi Jore virdru gëtt d'Rallye Dakar 2027 wéinst de Konflikter am Noen Osten net a Saudi-Arabien, mee vum 9. bis den 23. Januar a Portugal an a Marokko gefuer. Iwwer 15 Deeg hunn d'Pilote 7.824 Kilometer bannent 15 Deeg hannert sech ze bréngen, dorënner ee Prolog an 12 Etappen.

De Fernando Alonso war a senger Karriär schonn a villen Disziplinnen am Auto-Mobil-Sport ënnerwee. Nieft sengen zwee Weltmeeschtertitelen 2005 an 2006 an der Formel 1, sengen zwou Victoirë bei der 24-Stonne-Course zu Le Mans an dem Titel als Laangstrecke-Weltmeeschter war de Spuenier och bei der Indy500 an de 24 Stonne vun Daytona mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO