Zu Stadtbredimus gouf de Weekend de Special Olympics 3x3 Basket-Turnéier gespillt. Dëst ass een Turnéier mat engem besonnesche Konzept. Jiddereen huet d’Recht, säi Sport kennen auszeféieren, ob mat Behënnerung oder ouni.
Dëst Event bitt de Sportlerinnen a Sportler mat enger intellektueller Behënnerung d’Geleeënheet, hiert Kënnen ze weisen an hiert Bescht ze ginn. Sougenannten “Unified Partner” – Persounen ouni intellektuell Beanträchtegung – spillen als Teamkolleegen nieft de Special Olympics-Athleten. Dësen Turnéier weist, datt Inclusioun am Sport op allen Niveaue lieweg a siichtbar ass.
13 Ekippe hu beim Turnéier matgemaach. Dorënner dräi Ekippen aus der Belsch, Italien an Däitschland, zwou Ekippen aus Bulgarien an zwou lëtzebuergesch Ekippen: d’Mighty Red Lions an d’Grand Duchy Hoops Lions.
E Samschde goufen d’Finalle gespillt. Bei dësem Turnéier steet awer net nëmmen de Sport am Vierdergrond. Sportlerinnen a Sportler schlofen alleguerten zesummen an der Jugendherberge. Zil ass et, dass kee sech eleng a senger Situatioun fille soll.