De Champion Etzella Ettelbréck wënnt auswäerts mat 99:74 zu Zolwer. D'Gäscht hunn den Tempo de ganze Match héich gehalen an an der zweeter Hallschecht net manner wéi 59 Punkte geworf. Den Deantoni Gordon huet mat 27 Punkten iwwerzeegt.
De Basket Esch setzt sech auswäerts mat 65:56 géint den Opsteiger Gréngewald Hueschtert duerch. D'Gäscht hate sech duerch e staarken zweete Véierel (27:7) e Virsprong eraus gespillt an hunn dëse bis zum Schluss gehalen. Den Emmanuel Jesus Frederico konnt mat 20 Punkte fir Esch iwwerzeegen.
D'Arantia Fiels setzt sech mat 85:68 géint d'Amicale Steesel duerch. Op Säite vun der Lokalekipp stoung mam Jonathan Janssen en neie Profispiller am Kader, hie koum op 18 Punkten. Beschte Spiller bei der Lokalekipp war den Nationalspiller Edson DeSousa mat 23 Punkten.