EM-Qualifikatioun am DammebasketLëtzebuerger Damme verléieren 58:87 géint Groussbritannien

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg huet d'Basketnationalekipp vun den Dammen den drëtte Match vum zweeten Tour an der EM-Qualifikatioun gespillt.

Zu Manchester hunn d'Rout Léiwinne géint Groussbritannie mat 58:87 verluer. No dräi Defaiten an dräi Matcher steet Lëtzebuerg am Grupp M domat op der leschter Plaz. D'Selektioun vun der FLBB huet an der éischter Hallschecht offensiv Akzenter gesat a war duerch d'Catherine Mreches an d'Magaly Meynadier ëmmer nees geféierlech. No ronn 12 Minutte louch Lëtzebuerg 19:22 hannen. D'Lokalekipp huet seng Virdeeler ënnert dem Kuerf gekonnt genotzt an de Virsprong bis zur Paus op 47:31 ausgebaut.

Nom Säitewiessel konnt Lëtzebuerg sech net méi zeréck an d'Partie kämpfen. Groussbritannien huet d'Féierung kontinuéierlech eropgesat a wënnt um Enn däitlech. Staark dogéint gehalen huet d'Catherine Mreches. D'Spillerin vum T71 Diddeleng huet e puer schwéier Schëss getraff a koum op 20 Punkte fir d'Rout Léiwinnen. D'Anne Simon huet 12 Punkte fir Lëtzebuerg markéiert. Am Februar 2027 stinn déi nächst 3 Matcher vun der Qualifikatioun um Programm.

Resultater:
Lëtzebuerg - Ukrain 52:64
Lëtzebuerg - Frankräich 49:100
Groussbritannien - Lëtzebuerg 87:58

Tabell am Grupp M:
1. Frankräich 3 Matcher, 6 Punkten
2. Groussbritannien 3, 5
3. Ukrain 3, 4
4. Lëtzebuerg 3, 3

De Kader:
Joy Baum (Basket Esch)
Sofie Fuglsang (Gdessa Barreiro, Portugal)
Laurie Irthum (T71 Diddeleng)
Liz Irthum (AB Contern)
Tereza Liska (Gréngewald Hueschtert)
Catherine Mreches (T71 Diddeleng)
Julie Mangen (Amicale Steesel)
KJ Missavage (Amicale Steesel)
Magaly Meynadier (Musel Pikes)
Julie Nilles (Musel Pikes)
Dana Wies (T71 Diddeleng)
Jo Oly (Saarlouis, Däitschland)
Anne Simon (Campobasso, Italien)
Esmeralda Skrijelj (AB Contern)

Back to Top
CIM LOGO