Dëse Weekend an der CoqueCoupe-Halleffinallen am Basketball

Tom Nols
Tim Hensgen
D'Dueller heesche Steesel géint Ettelbréck a Bartreng géint d'Fiels bei den Hären. Bei den Damme spille Steesel géint Diddeleng a Bartreng géint Esch.
Wéi eng Ekippe packen et an d'Coupefinallen?
Wéi eng Ekippe packen et an d’Coupefinallen?
© Emile Mentz
Coupe-Halleffinallen am Basketball
Dëse Weekend ginn an der Coque d’Finaliste gesicht an den nationale Coupe-Kompetitiounen.

LALUX Ladies Cup

E Samschdeg kënnt et um 17.30 Auer zur Explikatioun tëscht Steesel an Diddeleng. Am Championnat hat sech d’Amicale knapp géint den T71 musse geschloe ginn.

E Sonndeg treffen um 15 Auer Bartreng an Esch openeen. An der Enovos League war dës Explikatioun eng kloer Affär fir d’Damme vun der Sparta gewiescht.

Loterie Nationale Coupe de Luxembourg

Um 20 Auer spillt Steesel e Samschdeg géint Ettelbréck. D’Etzella hat sech am Championnat relativ kloer géint de Géigner aus dem Uelzechtdall behaapte kënnen.

E Sonndeg ass et um 17.30 Auer den Duell tëscht Bartreng an der Fiels. D’Arantia hat et am Championnat als éischt Ekipp fäerdeg bruecht, géint de Leader Sparta ze gewannen.

Fir béid Deeg, e Samschdeg an e Sonndeg, kann ee seng Entréesticketen nach online bestellen. Wie keng méi sollt kréien, kuckt sech déi véier Halleffinallen online op RTL.lu un.

Back to Top
CIM LOGO