Drëtt spuenesch LigaBei der Sparta forméiert, spillt de Malcom Kreps elo a Spuenien

Chrëscht Beneke
De Kreps huet de Basket-ABC zu Lëtzebuerg bei der Sparta geléiert, mëttlerweil spillt hien a Spuenien.

Salou ass eng beléift Touristendestinatioun op der Costa Daurada mat engen 30.000 Awunner. De leschte Sonndeg hat de lokale Basketclub Lobe Huesca op Besuch. Alldag an der professioneller drëtter spuenescher Liga. Och fir e Lëtzebuerger. Nieft 3 Amien an 2 Hollänner ass de Malcolm Kreps ee vu 6 Auslänner am Kader vu Lobe Huesca. An den 80er an 90er hat säi Veräin esouguer 13 Joer an der ganz staarker spuenescher ACB-Liga gespillt. D’lescht Joer sinn si als 5. eréischt an der Halleffinall um Opstig an d’zweet Liga gescheitert. Och dëst Joer ass de Playoff nees d’Zil, ma de spuenesche Basket ass immens kompetitiv.

De Jong vum fréiere Profi aus Kalifornien an haitegen Trainer vum US Hiefenech Alexis Kreps krut de Basketball an d’Wéi geluecht. Vu Wooltz goung et fréi an d’national Liga a bei d’Nationalekipp. Wéi de Plang mat engem US-College net opgaangen ass, ass hie viru knapps 3 Joer, wéi een Alex Laurent, Ben Kovac an Ivan Delgado, de Wee iwwert Sportsektioun vun der Arméi gaangen. Och dem immens erfuerenen Headcoach Rafael Sanz Armada si seng Qualitéiten opgefall.

De Malcolm Kreps ass e wichtegen Teamplayer, deem seng Stäerkt sech net ëmmer an de Statistiken an Zuele spigelt. Zu Huesca huet hien et bis elo net an d’Starting Five gepackt a krut déi lescht Matcher just bëssi iwwert 10 Minutten Asazzäit. Och wann den 1,95 Meter grousse Guard e gudden Zoch zum Kuerf huet, esou waren als Profi seng offensiv Qualitéiten nach net esou gefrot an hie wëll dorunner schaffen.

Zu Salou leeft Huesca awer de ganze Match engem klenge Réckstand hannendrun. An der Schlussphase kënnt de Malcolm Kreps net méi op de Terrain. Un de spuenesche Basket hätt hie sech séier gewinnt, méi schwiereg wier et, esou wäit fort vun doheem ze sinn. Och wier d’Kultur awer anescht a vun de 50.000 Awunner zu Huesca schwätze just wéineg Leit Englesch. Am Team gëtt awer Englesch geschwat. Um Enn gewënnt Huesca knapps an d’Freed ass grouss. Mat 7 Victoiren aus 11 Matcher sinn si als 5. aus dem Osten um beschte Wee fir an d’Playoffs.

Back to Top
CIM LOGO