Fir déi éischte Kéier gouf eng Jugend-Europameeschterschaft am Basketball zu Lëtzebuerg organiséiert, de Fazit fält aus Siicht vun der FLBB positiv aus. Am Centre Atert zu Bartreng goufen d'Matcher vum Grupp C (Éisträich, Ukrain, Finnland) a Grupp D (Lëtzebuerg, Holland, Portugal) gespillt. No de Gruppematcher stoungen d'Halleffinallen, d'Finall an d'Partie ëm Plaz 5 um Programm. Insgesamt stounge vum 17. bis 22. August 11 Matcher um Programm.
Organisatoresch war d'Event e groussen Erfolleg, esou de Pit Rodenbourg, Administrativen a finanziellen Direkter vun der FLBB:
"D'Zesummenaarbecht tëschent der Gemeng, der FIBA, den Zuschauer an alle Leit, déi vun der FLBB un dësem Event matgeschafft hunn, war exzellent a mécht Loscht op méi. Heirop kënne mir opbaue fir weider an och nach méi grouss Events an Zukunft. Et war organisatoresch enorm vill Aarbecht a mir kruten duerch d'Leit och enorm positive Feedback zeréck."
Ronn 2.600 Leit hunn d'Matcher besicht, woubäi d'Partië vun der Lokalekipp déi meescht Supporter ugezunn hunn.
Fir de Max Krippler, deen am September neie President vun der FLBB wëll ginn, war et e gelongen Testlaf. "Déi ganz Woch war eng gutt Visittekaart fir de Basket an huet eis bestätegt, dass eng Kandidatur fir eng Senior-Europameeschterschaft 2029 realistesch ass. Et wier eng Geleeënheet, den Dammebasket an d'Vitrinn ze stellen an e grousse Public op de Sport opmierksam ze maachen."
Victoire géint Éisträich zum Ofschloss
Sportlech huet d'Selektioun vun der FLBB déi 5. Plaz erreecht ënner 6 Ekippen. No enger Optaktnéierlag géint Holland, wou de Match nach am leschte Véierel ausgeglach war, goung den zweete Match géint Portugal däitlech verluer. Zum Ofschloss hunn d'Meedercher duerch eng staark Leeschtung géint Éisträich gewonnen an domat dem Turnéier eng weider positiv Nott ginn. D'Finall huet Portugal géint Finnland gewonnen a steigt domat op an déi héchst Divisioun.
Gruppephas: Lëtzebuerg - Holland 64:85, Lëtzebuerg - Portugal 40:101
Match ëm déi 5. Plaz: Lëtzebuerg - Éisträich 85:77