Op der zweeter Etapp iwwerhëllt den Tadej Pogačar mat senger Victoire d'Féierung am Generalklassement.

E Sonndeg de Mëtteg ass et um zweeten Dag vun der 107. Editioun vum Giro d'Italia iwwer 161 Kilometer vu San Francesco al Campo bis op Santuario di Oropa gaangen.

No engem zimmlech flaachen Depart ass et op der zweeter Hallschent vum Parcours lues a lues mat där eng oder anerer Montée ëmmer méi an d'Been gaangen. Den Tadej Pogačar, dee sech nach 11 Kilometer virun der Arrivée ee Platten agefaangen hat, konnt sech direkt rëm zréck an de Peloton kämpfen an duerno souguer un d'Spëtzt vun der Course fueren. Op der leschter Montée vun der Kategorie 1 huet de Slowen ronn véier Kilometer viru Schluss attackéiert a wënnt um Enn mat engem Ecart vu 27 Sekonnen. Déi zweet an déi drëtt Plaz ginn zäitgläich un den Daniel Martinez an den Geraint Thomas.

Am General gesäit den Top-3 genee selwecht aus. De Michel Ries, deen e Sonndeg mat engem Retard vun 2:03 Minutten als 29. op der Arrivée ukomm ass, placéiert sech no der zweeter Etapp mat engem Retard vu 6:56 Minutten op der 41. Plaz.

D'Klassement vun der 2. Etapp

1 POGAČAR Tadej 3:54:20
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe 0:27
3 THOMAS Geraint ,,
4 FORTUNATO Lorenzo ,,
5 LIPOWITZ Florian ,,
6 STORER Michael 0:30
7 UIJTDEBROEKS Cian ,,
8 RUBIO Einer ,,
9 LÓPEZ Juan Pedro 0:35
10 HIRT Jan 0:37

29 RIES Michel 2:03

D'Generalklassement

1 POGAČAR Tadej 7:08:29
2 THOMAS Geraint 0:45
3 MARTÍNEZ Daniel Felipe ,,
4 UIJTDEBROEKS Cian 0:54
5 RUBIO Einer ,,
6 FORTUNATO Lorenzo 1:05
7 LÓPEZ Juan Pedro 1:09
8 HIRT Jan 1:11
9 CHAVES Esteban 1:24
10 O'CONNOR Ben ,,

41 RIES Michel 6:56