Olav Kooij setzt sech am Sprint zu Neapel duerch

© AFP
Am General bleift den Tadej Pogačar weiderhin de Leader, de Michel Ries steet hei no 9 Deeg op der 28. Plaz.
Op der 9. Etapp vum Giro d'Italia, op där et iwwer 214 Kilometer vun Avezzano op Neapel gaangen ass, konnt sech am Sprint um Enn den Olav Kooij d'Dagesvictoire sécheren. Den Hollänner war kuerz virum Jonathan Milan an dem Juan Sebastián Molano iwwert d'Arrivée gefuer. De Michel Ries ass mat engem Retard vu 6:05 als 98. ukomm.
Am Generalklassement bleift de Slowen Tadej Pogačar weider mat engem groussen Ecart vun 2:40 Minutten op den Daniel Felipe Martinez op der 1. Plaz. Drëtte bleift onverännert den Geraint Thomas. De Michel Ries rutscht no der 9. Etapp ëm zwou Plazen no hannen a steet domat aktuell mat engem Retard vu knapp 25 Minutten op der 28. Positioun.
E Méindeg steet fir d'Coureuren den éischte vun am Ganzen zwee Roudeeg un, éier et en Dënschdeg da mat der 10. Etapp vu Pompei op Cusano Mutri weider geet.
D'Klassement vun der 9. Etapp
1 KOOIJ Olav 4:44:22
2 MILAN Jonathan ,,
3 MOLANO Juan Sebastián ,,
4 DAINESE Alberto ,,
5 VAN POPPEL Danny ,,
6 MIHKELS Madis ,,
7 GROVES Kaden ,,
8 VENDRAME Andrea ,,
9 BALLERINI Davide ,,
10 KANTER Max ,,
98 RIES Michel 6:05
D'Generalklassement
1 POGAČAR Tadej 32:59:04
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe 2:40
3 THOMAS Geraint 2:58
4 O'CONNOR Ben 3:39
5 UIJTDEBROEKS Cian 4:02
6 TIBERI Antonio 4:23
7 FORTUNATO Lorenzo 5:15
8 RUBIO Einer 5:28
9 ARENSMAN Thymen 5:30
10 HIRT Jan 5:53
28 RIES Michel 24:48