Steinhauser viru Pogacar, Michel Ries gëtt 22.

© AFP
Den däitsche Georg Steinhauser gewënnt d'Etapp an den Alpen. Den Tadej Pogacar gëtt 2. a baut d'Avance am General aus.
Den Tadej Pogacar dominéiert den Ament den Tuer duerch Italien. Als zweete kann hie sengen direkte Konkurrenten ëm de rosa Maillot weider Zäit ofhuelen. Den Daniel Martinez huet bal 8 Minutte Retard, fir datt de Sloween um Ënn net säin éischte Giro gewënnt, misst nach vill schifgoen.
Fir de Georg Steinhauser war et mat sengen 22 Joer seng éischt Victoire als Profi. Ronn 35 Kilometer viru Schluss konnt hie sech vum Amanuel Ghebreigzabhier aus Eritrea ofsetzen. Am leschte Bierg konnt och den Dominator Pogacar d'Lach net méi zoufueren a gëtt um Enn den 2. De Lëtzebuerger Michel Ries ass och um Mëttwoch nees ganz laang am Grupp vum Leader matgefuer a kënnt um Enn op déi 22. Plaz. Am General ass hien elo den 26.
En Donneschdeg steet eng Flaachetapp um Programm, normalerweis e Rendez-vous fir d'Sprinter.
D'Klassement vun der Etapp
1. Georg Steinhauser - EF Education - EasyPost
2. Tadej Pogacar - UAE Team Emirates 01:24
3. Antonio Tiberi - Team Bahrain Victorious 01:42
4. Geraint Thomas - Ineos Grenadiers 01:42
5. Daniel Felipe Martinez Poveda - Bora - Hansgrohe 01:42
6. Einar Augusto Rubio Reyes - Movistar Team 01:42
7. Romain Bardet - Team DSM-Firmenich Postnl 01:42
8. Thymen Arensman - Ineos Grenadiers 01:55
9. Jan Hirt - Quick-Step Alpha Vinyl Team 01:55
10. Rafal Majka - UAE Team Emirates 01:55
22. Michel Ries - Arkea - B&B Hotels 04:28
D'Generalklassement
1. Tadej Pogacar 63:31.18
2. Daniel Felipe Martinez Poveda 07:42
3. Geraint Thomas 08:04
4. Ben O Connor 09:47
5. Antonio Tiberi 10:29
6. Thymen Arensma 11:10
7. Romain Bardet 12:42
8. Einar Augusto Rubio Reyes 13:33
9. Filippo Zana 13:52
10. Jan Hirt 14:44