Christine Majerus op der gudder 3. Plaz am General

© Val Wagner (Archiv)
No enger excellenter 2. Plaz op der 4.Etapp beim Tour of Britain huet sech d'Christine Majerus bis op déi drëtt Plaz am General no vir geschafft.
No 99 Kilometer ronderëm Manchester hat d'Lëtzebuerger Championne déi gutt Echappée erwëscht an ass am Schlusssprint just vum Ruby Risemanta - Gannon geschloe ginn. D'Lotte Kopecky gouf Schlussgewënnerin vum ganzen Tour.
D'Weltmeeschterin huet donieft och nach zwou Etappe gewonnen. Op der 3. Plaz hat d'Lëtzebuergerin e Retard vu 34 Sekonnen op d'Kopecky. D'Form stëmmt net nëmme bei hirer Ekipp SD Worx - Protime, mee och beim Christine Majerus. Dat léist hoffe fir d'olympesch Spiller.
D'Klassement vun der Etapp
1 ROSEMAN-GANNON Ruby Liv AlUla Jayco 2:37:51
2 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
3 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime ,,
4 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
5 JANSEN Eline VolkerWessels Women's Pro Cycling Team ,,
De General
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 13:03:40
2 HENDERSON Anna Great Britain +0:17
3 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +0:34
4 GEORGI Pfeiffer Team dsm-firmenich PostNL +0:38
5 PATERNOSTER Letizia Liv AlUla Jayco +0:40