Bëschbrand bei Düren (D)Honnerte Leit evakuéiert, bis ewell 25 Hektar a Flamen

RTL mat AFP
An Däitschland sinn den Ament e puer gréisser Bëschbränn amgaangen: Ënner anerem stinn den Ament am Kreis Düren an Nordrhein-Westfalen ganzer 25 Hektar a Flamen.
Wegen eines sich immer weiter ausweitenden Waldbrandes haben in Nordrhein-Westfalen hunderte Menschen ihre Häuser verlassen müssen. Das Feuer habe bereits 25 Hektar Land zerstört, sagte eine Sprecherin der im Kreis Düren gelegenen Gemeinde Hürtgenwald.
© AFP/Archiv

Een Deel vun engem Duerf huet missen evakuéiert ginn, dat well d'Feier sech weider ausbreet. Eng 1.800 Leit goufen opgefuerdert, hir Haiser ze verloossen.

D'Evakuéierung war och nach e e Freidegmoien amgaangen. An engem Opruff vun der Gemeng un déi betraffe Residenten heescht et: "Huelt nëmmen déi néidegst perséinlech Géigestänn mat. Denkt un Är Ausweisdokumenter an eventuell néideg Medikamenter."

Och zu Ottweiler hei vir am Saarland brennt et: Hei sinn 10 Hektar Bësch betraff, véier Pompjeeë si beim Asaz blesséiert ginn. Weider Feier ginn dann och nach am Krees Bernkastel-Wittlich an am Haarz gemellt.

Back to Top
CIM LOGO