Alex Kirsch gëtt 4. op der 2. Etapp

© Tour de Wallonie
Am Vëlossport gëtt dës Woch den Tour de Wallonie an der Belsch gefuer. Mam Alex Kirsch an dem Arthur Kluckers sinn och 2 Lëtzebuerger am Peloton.
Op der éischter Etapp e Méindeg konnt sech den Alex Kirsch als 15. klasséieren. De Coureur vu Lidl-Trek war an der selwechter Zäit wéi den Etappegewënner Jordi Meeus aus der Belsch iwwer d'Arrivée gefuer. Den Arthur Kluckers hat als 113. e Retard vun 9 Minutten an 41 Sekonnen. De Kirsch hat awer ënnerwee eng Bonifikatioun kritt a war virun der Etapp vun en Dënschdeg de 6. am Generalklassement.
Um 2. Dag stoungen tëscht Saint-Ghislain an Ouffet 188 Kilometer um Programm. Och hei ass den Alex Kirsch offensiv gefuer an ass an de leschten 10 Kilometer mat an d'Attack gesprongen. Um Enn ass awer nees alles zesumme komm. Am Sprint Biergop gouf et eng Victoire fir den Neiséilänner Corbin Strong vun Israel-Premier-Tech.
Op d'Plazen 2 an 3 kommen déi 2 Fransousen Emilien Jeannière a Paul Penhoët. Den Alex Kirsch konnt sech op der ganz gudder 4. Plaz klasséieren, nodeem hien zwar als 5. ukoum, mä dee 4. deklasséiert gouf. Am Generalklassement ass de Strong neie Leader. Den Alex Kirsch ass no 2 Deeg de 6. an huet e Retard vun 11 Sekonnen. Den Arthur Kluckers huet en Dënschdeg vill fir seng Ekipp geschafft an ass als 102. iwwer d'Arrivée gefuer, am Generalklassement ass de Lëtzebuerger Champion am Zäitfueren den 110.. E Mëttwoch gëtt d'Etapp iwwer 198,6 Kilometer vun Arel op La-Roche-en-Ardenne gefuer.