De Remco Evenepoel setzt sech virum Filippo Ganna a Wout van Aert duerch. Bei den Dammen huet d'Australierin der Konkurrenz absolut keng Chance gelooss.

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis goufen e Samschdeg de Mëtteg beim Eenzelzäitfueren iwwer 32,4 Kilometer bei den Dammen déi 1. Medailen am Cyclissem verdeelt. Et ass dat längsten Eenzelzäitfueren an der olympescher Geschicht, wat et bei den Damme jee gouf.

Bei schwéiere Wiederkonditiounen hu sech op den naasse Stroosse vu Paräis eng Rëtsch Sportlerinne schwéier gedoen, an esou ass et och zu sëllege Chutte komm, ënnert anerem och vun der aktueller Weltmeeschterin an Top-Favoritin Chloé Dygert. An esou war de Wee fräi fir d'Grace Brown.

D'Goldmedail geet no 32,4 Kilometer deemno un d'Australierin. Am Zil hat d'Grace Brown e Virsprong vun 1 Minutt an 30 Sekonnen op d'Brittin Anna Henderson. Déi drëtt Plaz geet un d'US-Amerikanerin Chloé Dygert.

Eng gutt Stonn méi spéit war et dunn un den Hären. De Parcours an och d'Distanz war d'nämmlecht wéi bei den Dammen. D'Wiederkonditioune waren och änlech, d'Stroosse ware weider naass a schwéier ze befueren.

D'Goldmedail geet no engem spannenden Zäitfueren un de Belsch Remco Evenepoel. De Favorit an Drëtte vum Tour de France setzt sech mat knappe 15 Sekonne virum Italiener Filippo Ganna duerch. Déi drëtt Plaz an deemno d'Bronzemedail geet mam Wout van Aert un e weidere Belsch. Hien hat um wäisse Stréch e Retard vu 25 Sekonnen op de Remco Evenepoel.