Den Timothé Gabriel wënnt den éischte Cyclocross vun der Saison
E Samschden den Owend war eppes méi lass zu Reckeng op der Mess.
Bei guddem Wieder hate vill Coureuren a Spectateuren de Wee ob de Memorial Claude Michely, den éischte Cyclocross vun der neier Saison, fonnt.
Knapps e Joer ass et hier, dass eis ee vun deene ganz groussen Nimm am Cyclocross verlooss huet. Den 1. November zejoert koum déi traureg Noriicht, dass de Claude Michely verstuerwen ass. De Bronze-Medaile-Gewënner ob de Cyclocross-Weltmeeschterschaften 1985 war nach bei der leschter Editioun vum Urban Night Cross Deel vum CT Kayldall an deemno och vun der Organisatioun.
138 Sportler a Sportlerinnen hate sech iwwert 7 Kategorien fir d’Editioun 2024 ageschriwwen. Pünktlech um 8 Auer war den Depart vun den Espoiren an der Elite. Ma et ass all Joer op en Neits eppes Spezielles fir d‘Coureuren, fir op deem gutt beliichte Parcours ëm déi Auerzäit ze fueren.
Et sollt bis op d'Enn eng enk a spannend Kurs bleiwen. Op deenen éischte Ronnen hat sech e Grupp vu 4 Coureure kënnen zesummen ofsetzen. Aus Lëtzebuerger Siicht war et den nationale Champion a Gewënner aus dem Virjoer Loïc Bettendorff, dee gutt fortkomm war an den Uschloss un d’international Konkurrenz net verpasst hat.
D‘Positiounen un der Spëtzt hunn oft changéiert, ma fir an de virleschten Tour huet de Fransous Timothé Gabriel eng Kéier méi kräfteg an d’Pedalle gedréckt a konnt d’Konkurrenz stoe loossen. Mat ronn 15 Sekonnen Avance ass et fir hie virum Däitsche Sascha Weber an dem Loïc Bettendorff op déi lescht 2 Kilometer gaangen. An dës Avance sollt dann och bis ob d’Ligne d’Arrivée duergoen. De Bettendorff klasséiert sech iwwerdeems als drëtten.
Aus engem zweete Grupp eraus konnt sech de Ken Conter als zweete Lëtzebuerger déi 5. Plaz sécheren.
Am selwechte Grupp hunn den Noa Berton an de Rick Meylender sech en Duell em déi éischte Plaz bei den Espoire geliwwert. Am leschten Tour huet de Berton den Tempo ugezunn a konnt sou als 6. seng éischte Victoire féieren.
Déi nächst Woch geet et mat de Crossen hei am Land weider, da steet d'Epreuve vum Dippecher Veräin zu Schuller um Programm.