Mathieu van der Poel geléngt Titelverdeedegung

© AFP
Den Hollänner hat 40 Kilometer virun der Arrivée déi decisiv Attack gesat.
De Mathieu van der Poel huet sech bei der Generalprouf fir den Tour des Flandres duerchgesat. Den Hollänner huet de Semi-Klassiker "E3" op eng dominant Aart a Weis gewonnen. Den Titelverdeedeger hat no 208 Kilometer op der Arrivée zu Harelbeke an der Belsch eng Avance vun enger Minutt a siwe Sekonnen op den Dän Mads Pedersen. De Filippo Ganna hat als Drëtten e Retard vun zwou Minutten a fënnef Sekonnen.
Den Alex Kirsch gouf den 52. an de Bob Jungels de 54. Allebéid op 2 Minutten an 53 Sekonnen.
Op den 209 Kilometer stoungen am Ganze 17 Koppen um Programm an och Paweesecteuren, déi zum Deel och am Tour des Flandres, deen de 6. Abrëll gefuer gëtt, um Programm: Ënnert anerem de Paterberg an den Oude Kwaremont op de leschte 40 Kilometer vun der Course.
Direkt nom Depart gouf et nees eng Chute. 4 Coureuren hu mussen an d‘Klinik gefouert ginn. Bei gudde Wiederkonditioune gouf an der éischter Stonn vun der Course eng Moyenne vu 47 km/h gefuer. Duerch d‘Nervositéit vun der Course ass de Peloton an zwee gespléckt ginn. Déi zwee Top-Favoritten, den Hollänner Mathieu van der Poel an de Belsch Wout van Aert, hu sech iwwerrasche gelooss a sinn an den zweet Peloton gefall. Och den Alex Kirsch war do mat dobäi. Bis an d‘Hallschent vun der Course huet et gedauert, bis van der Poel a van Aert et nees an den éischte Grupp gepackt hunn. E puer Kilometer méi spéit ass dat och dem Alex Kirsch gegléckt.
Gutt 90 Kilometer virun der Arrivée hunn den Dän Casper Pedersen an de Belsch Aimé de Gendt eraus attackéiert. Hir Avance ass bis op 1 Minutt eropgaangen. Deen Ament huet awer Ineos fir eng Acceleratioun am Peloton gesuergt an d‘Avance ass nees séier erofgaangen. Nom Taaienberg, 79 Kilometer virun der Arrivée, sinn den Dän Mads Pedersen, de Mathieu van der Poel an den Italiener Filippo Ganna bei déi zwee Leit un der Spëtzt bäigefuer. Fir déi aner Coureure war d‘Course deen Ament gelaf.
Am Oude Kwaremont, eng 40 Kilometer virun der Arrivée, huet de van de Poel attackéiert a bis op de wäisse Stréch sollt hien net méi ageholl ginn. Den Hollänner wënnt mat enger Avance vun enger Minutt a siwe Sekonnen op de Mads Pedersen.
D'Klassement vun der Course
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 4:38:11
2 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 1:05
3 GANNA Filippo INEOS Grenadiers 2:04
4 PEDERSEN Casper Soudal Quick-Step 2:33
5 STUYVEN Jasper Lidl - Trek ,,
6 KÜNG Stefan Groupama - FDJ ,,
7 DE GENDT Aimé Cofidis ,,
8 WELLENS Tim UAE Team Emirates - XRG 2:35
9 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 2:38
10 TEUNISSEN Mike XDS Astana Team 2:43
...
52 KIRSCH Alex Lidl - Trek 2:43
54 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers ,,