Den Hollänner konnt vun enger Chute vum Tadej Pogacar profitéieren an ass déi lescht 38 Kilometer eleng un der Spëtzt gefuer. De Sloween gouf den Zweeten.

Um Sonndeg gouf déi 122. Editioun vu Paris-Roubaix gefuer. No ronn 259 Kilometer huet sech de Mathieu van der Poel (Alpecin-Deceuninck) fir déi 3. Kéier duerchgesat. Hien hat um Enn eng Avance vun enger Minutt an 18 Sekonnen op de Weltmeeschter Tadej Pogacar (UAE Team Emirates-XRG). De Sloween ass 38 Kilometer viru Schluss gefall a konnt doropshin net méi no vir fueren. De Podium gouf vum Mads Pedersen (Lidl-Trek) komplettéiert.

Van der Poel a Pogacar hate sech méi fréi an der Course ronn 71 Kilometer virun der Arrivée ofgesat. Bei där Acceleratioun krut de Mads Pedersen e Platten a konnt doduerch net méi drubleiwen. Just de Jasper Philipsen konnt nach 25 Kilometer un der Spëtzt matfueren, éier hien och zréckgefall ass. De Lëtzebuerger Arthur Kluckers gouf fréi an der Course an eng Chute verwéckelt an ass net méi an de grousse Peloton erukomm.

De Resumé vun der Course

Eng Echappée vun 9 Coureuren hat sech zimmlech fréi an der Course ofgesat. Mat dobäi war ënner anerem den Oier Lazkano (Red Bull - Bora - hansgrohe). De Peloton huet dee Grupp awer net ze wäit wech fuere gelooss. Schonn an den éischten 100 Kilometer vun der Course gouf et déi eng oder aner Chute. An eng vun deene Chutte war och de Lëtzebuerger Arthur Kluckers (Tudor Pro Cycling Team) verwéckelt. Hie gouf opgehalen a konnt net méi un de Peloton erufueren.

Ronn 100 Kilometer virun der Arrivée hunn de Pedersen an de Pogacar am Peloton acceleréiert an de Grupp ass ëmmer méi kleng ginn. De Virsprong vun der Echappée gouf och ëmmer méi kleng an 93 Kilometer virun der Arrivée gouf de Spëtzegrupp agefaangen. Pogacar a van der Poel hunn den Tempo weiderhi forcéiert, esou datt just nach de Philipsen, Bissegger an de Pedersen drubleiwe konnten. No enger secker Acceleratioun ronn 71 Kilometer viru Schluss sinn de Bissegger an der Pedersen (duerch e Platten) zréckgefall. Hannert den 3 Leit un der Spëtzt huet sech e Verfollger-Grupp forméiert, deen awer Kilometer fir Kilometer Sekonne verluer huet. No Acceleratioune vu van der Poel a Pogacar 45 Kilometer virun der Zillinn konnt och de Philipsen net méi mathalen. Pech hat de Weltmeeschter Pogacar wéi en 38 Kilometer virun der Arrivée schlecht an eng Kéier gefuer war an doropshi gefall ass. D'Kette war erofgesprongen an de van der Poel war vun do un eleng un der Spëtzt.

Et war e Kaz a Maus-Spill bei deem den Ecart tëscht den 2 Championen tëscht 15 an 20 Sekonne louch. Decisioun ass 20 Kilometer viru Schluss gefall, wéi de Pogacar de Vëlo huet nach emol misse wiesselen. De Wee fir de Succès vum van der Poel war domadder fräi. Och e Platte konnt den Hollänner net méi stoppen, esou datt hien eng verdéngte Victoire zu Roubaix feiere konnt.

D'Klassement vun den Hären

1 van der Poel Mathieu Alpecin-Deceuninck 05:31:27
2 Pogacar Tadej UAE Team Emirates-XRG +01:18
3 Pedersen Mads Lidl-Trek  +02:11
4 van Aert Wout Team Visma | Lease a Bike +02:11
5 Vermeersch Florian UAE Team Emirates-XRG +02:11
6 Rutsch Jonas Intermarché-Wanty  +03:46
7 Bissegger Stefan Decathlon AG2R La Mondiale Team +03:46
8 Hoelgaard Markus Uno-X Mobility  +03:46
9 Wright Fred Bahrain Victorious  +04:35
10 Rex Laurenz Intermarché-Wanty  +04:36

Mathieu van der Poel wënnt Paris-Roubaix (Replay)
Et ass seng 3. Victoire hannerteneen bei dësem Klassiker.