Nom éischten Dag an de Pyrenäen stoung e Freideg op der 13. Etapp e Biergzäitfueren tëscht Loudenvielle a Peyragudes um Programm.

De Mann a Giel Tadej Pogacar ass e Freideg och am Biergzäitfuere senger Favoritteroll gerecht ginn. De Sloween ass iwwer déi 10,9 Kilometer - mat enger Montée vun 8,1 Kilometer an enger duerchschnëttlecher Steigung vu 7,6 Prozent - e Chrono vun 23 Minutte gefuer a war domadder 36 Sekonne  méi séier wéi den Dän Jonas Vingegaard. Déi drëttbeschten Zäit ass de Primoz Roglic gefuer. De Sloween hat e Retard vun enger Minutt an 20 Sekonnen. Als Véierten op eng Minutt a 56 Sekonnen huet sech de Florian Lipowitz aus Däitschland klasséiert.

Tour de France: 13. Etapp - leschte Kilometer am Replay
Tadej Pogacar och am Biergzäitfueren eng Klass fir sech

De Pogacar ass vun Ufank un déi séiersten Zäit gefuer a louch bei den Tëschenzäite bei Kilometer 4 a Kilometer 7,6 och a Féierung. Fir de Weltmeeschter op der Strooss ass et schonn déi véierten Etappevictoire an dësem Tour de France. Hien ass och elo de Leader am Biergtrikot.

E schwéieren Dag hat nees de Remco Evenepoel. Hie gouf vum Vingegaard, deen hannert dem Belsch gestart war, iwwerholl. Um Enn war et déi 12. Plaz op zwou Minutten an 39 Sekonnen.

Am General baut de Pogacar seng Avance op de Vingegaard op véier Minutten a siwe Sekonnen aus. Op der drëtter Plaz läit nach ëmmer den Evenepoel, dat op siwe Minutten a 24 Sekonnen. De Florian Lipowitz ass do awer nëmmen nach sechs Sekonnen hannendrun a kéint eventuell schonn e Samschdeg den Trikot vum beschte jonke Coureur iwwerhuelen.

Tour de France: 13. Etapp
Tadej Pogacar och am Biergzäitfueren eng Klass fir sech

Luke Plapp iwwer dräi Stonnen um Hot Seat

Vill vun den 171 Coureuren, déi e Freideg nach mat dobäi waren, sinn d'Biergzäitfueren net mat Vollgas ugaangen an hunn och am Bierg net alles aus sech erausgeholl. Dat och well d'Organisateuren d'Karenz op 140 Prozent vun der Gewënnerzäit an d'Luucht gesat haten. Fir en éischt Ausrufezeechen hat de Luke Plapp, deen als 40. gestart war, gesuergt. Hien hat mat 24 Minutten an 58 Sekonnen d'Féierung iwwerholl. Coureur ëm Coureur huet seng Zäit duerno verpasst. Eréischt no iwwer dräi Stonne gouf hie vum Hot Seat verdrängt. Um Enn ass hien de Fënnefte ginn.

Ënnerschiddlech Vëloen am Asaz

Interessant war um Freideg och, ze gesinn, wie mat wéi engem Vëlo géing fueren. De Gewënner ass mat sengem normale Coursevëlo gefuer. Roglic, Lipowitz a Vingegaard hunn op en Zäitfuervëlo gesat an den Evenepoel hat sech fir säi Stroossevëlo mat Zäitfueropsaz entscheet.

Um Samschdeg waarden déi nächst schwéier Bierger op d'Coureuren. Op der 14. Etapp geet et ënnert anerem de Col du Tourmalet erop. Vu 14 Auer u kënnt Dir op RTL live mat dobäi sinn.

Tour de France: 13. Etapp (Replay)
Tadej Pogacar och am Biergzäitfueren eng Klass fir sech

D'Klassementer vun der Etapp an de General