Dëschtennis- EMAnnett Kaufmann gewënnt Generatiounenduell géint Ni Xia Lian

Kevin Kayser
E Freideg krut déi 63 Joer al Lëtzebuergerin Ni Xia Lian et mat der 20 Joer jonker Annett Kaufmann aus Däitschland ze dinn.
D'Annett Kaufmann bei den 32. Finalle vun der Dëschtennis-EM zu Ljubljana a Slowenien.
D'Annett Kaufmann bei den 32. Finalle vun der Dëschtennis-EM zu Ljubliana a Slowenien.
© REMY GROS/NurPhoto via AFP

Déi 20 Joer jonk Kaufmann, déi als éischt Europäerin sech de Weltmeeschtertitel bei der U19 séchere konnt, war besser an d'Partie gestart. Mat zwee knappe Säz, zwee Mol 11:9, konnt si sech op 2:0 ofsetzen. D'Ni Xia Lian huet et am drëtte Saz du besser gemaach an dësen 11:6 fir sech decidéiert.

Beim Stand vun 2:1 an de Sätz gouf et dunn nees e ganz enke véierte Saz (12:10), deen awer zum Schluss nees un déi jonk däitsch Spillerin goung. Am fënnefte Saz war d'Loft du bei der 63 Joer aler Lëtzebuerger Nationalspillerin eraus a si huet dëse kloer mat 1:11 missten ofginn.

D'Annett Kaufmann setzt sech domadder 4:1 géint déi fréier Europameeschterin Ni Xia Lian duerch a qualifizéiert sech fir d'Véierelsfinallen.

Back to Top
CIM LOGO