Dëschtennis-ChampionnatHueschtert-Foulscht wënnt däitlech géint Lëntgen

RTL Lëtzebuerg
Donieft goufen et um 7. Spilldag kloer Victoirë fir Houwald, Lénger a Berbuerg. Lénger huet dobäi fir eng Iwwerraschung gesuergt.
© Emile Mentz (Archiv)

E Samschdeg stoung am nationalen Dëschtennis-Championnat den Optakt vum 7. Spilldag um Programm.

Hueschtert-Foulscht huet sech däitlech géint den Tabellendrëtte Lëntgen duerchgesat (6:1) an eng gewinnt dominant Leeschtung gewisen. Den amtéierende Champion huet ënner anerem dovu profitéiert, dass de Gaetan SWARTENBROUCKX säi Match géint den Damien Llorca wéinst enger Blessur opgi musst. Den eenzege Punkt fir d'Gäscht goung op de Kont vum Robin Saudemont am véierte Match.

Den ongeschloene Spëtzereider DT Houwald huet seng Positioun mat engem 6:2 géint Recken gefestegt. Den éischten Duerchgang konnte béid Ekippen ausgeglach gestalten, mee am zweeten Deel vum Match hunn d'Gäscht géint den Houwald kee Land méi gesinn.

Lénger huet fir eng Iwwerraschung gesuergt a Fluessweiler, dat bis de 7. Spilldag Drëtten an der Tabell war, däitlech 6:2 geklappt. Fir Berbuerg gouf et eng kloer 6:1-Victoire beim Tabelleleschten Union Lëtzebuerg.

Den Houwald an Hueschtert-Foulscht hunn an der Tabell schonn e bedeitende Virsprong op déi aner Ekippen. Hannendru kämpfe fënnef Ekippen (Lëntgen, Recken, Fluessweiler, Berbuerg a Lénger) ëm déi begiert Plaz 6 fir an de Playoff. Mat Esch, Bartreng an der Union steet en Trio mat jee 8 Punkten um Tabellenenn.


________________________________________________
________________________________________________


________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________

Resultater an Tabell

Back to Top
CIM LOGO