
Am Dëschtennis hunn d'Lëtzebuerger Luka Mladenovic a Maël Van Dessel e Sonndeg d'Finall vum WTT Contender Tournoi am Dubbel zu Istanbul verluer. Déi Lëtzebuerger Koppel huet sech um Enn 1:3 géint d‘Russen Nikita Artemenko a Maksim Grebnev misse geschloen ginn a verpassen domadder deen éischte Lëtzebuerger WTT-Titel zanter 2023.
D'Russe ware mat engem 11:6 am éischte Saz besser an de Match gestart. Duerno war den Duell dann e Stéck méi op Aenhéicht. De Lëtzebuerger Duo louch hei tëschenzäitlech souguer mat 7:5 a Féierung, ma duerch eng staark Schlussleeschtung vun hire Géigner ass och dëse Saz nach mat 9:11 verluer gaangen. Wéi dann am drëtte Saz alles dono ausgesinn hat, wéi wann Artemenko a Grebnev den Deckel drop maache géingen, hunn de Mladenovic an de Van Dessel nach eemol Moral gewisen an duerch fënnef Punkten hannerteneen op 1:2 no Sätz verkierzt.
Fir ee richtege Comeback sollt et um Enn dann awer net méi duergoen. De véierte Saz war zwar bis zum Schluss spannend an ausgeglach, ma den éischte Matchball konnten d'Géigner aus Russland direkt fir sech notzen an de WTT-Titel doduerch mat heem huelen.