Dëschtennis - WTT Contender IstanbulMladenovic/Van Dessel sti sensationell an der Dubbel-Finall

RTL Lëtzebuerg
No enger Victoire géint e koreaneschen Duo waart an der Finall elo d'russesch Koppel, déi op Plaz 1 gesat ass.
© Val Wagner

Am Dëschtennis huet sech d'Lëtzebuerger Koppel Luka Mladenovic / Maël Van Dessel, iwwerraschend fir d'Dubbel-Finall beim WTT-Contender-Tournoi zu Istanbul an der Tierkei qualifizéiert. Si hu sech an der Halleffinall mat 3:0 géint d'Koreaner Kang Dongsoo a Lim Yunoh duerchgesat.

An dëser Finall spillen d'Lëtzebuerger um Sonnde géint déi russesch Koppel Nikita Artemenko/Maksim Grebnev, déi bei dësem Tournoi ob Nummer 1 gesat sinn.

Back to Top
CIM LOGO