De Weekend stoung am nationalen Dëschtennis-Championnat de 5. Spilldag um Programm.
Am Spëtzenduell huet sech de Vizechampion Houwald doheem mat engem 5:5 géint den Titelverdeedeger Hueschtert-Foulscht getrennt. D'Gäscht hate besser an den Duell erafonnt a konnten am Numm vum Damien Llorca a Gleb Shamruk direkt op 2:0 stellen. Duerno konnt Houwald zwar duerch de Benjamin Rogiers verkierzen, ma den Irfan Cekic huet mam 3:1 den Ecart nees hiergestallt. Am weidere Verlaf sollt der Lokalekipp dann awer nach eemol ee Comeback geléngen a sou stoung et virun den decisiven Dubbele 4:4 tëscht béiden Ekippen. An den ofschléissenden Dubbelen huet da fir d'éischt d'Houwalder Koppel Rogiers/Sahr op 5:4 gestallt, ma am zweeten Dubbel konnt den Duo Llorca/Kubica vun Hueschtert-Foulscht op 5:5 ausgläichen, sou datt et um Enn kee Gewënner gouf.
Wichteg Punkte gesammelt huet dann nach Recken mat enger 6:4-Victoire zu Lénger. Wéi och um Houwald war dësen Duell op Aenhéicht a mam Stand vu 4:4 war et och hei an d'Dubbele gaangen. De bessere Schluss hat hei dann awer d'Ekipp vu Recken, déi duerch zwou Victoiren am Dubbel mat den Duoe Keinath/Gira a Vallbracht/Habel um Enn als Gewënner Heem gefuer sinn.
An deene weidere Partien huet Esch Abol mat 3:6 géint Lëntgen de Kierzere gezunn, fir d'Union Lëtzebuerg gouf et eng däitlech 0:6-Defaite géint Fluessweiler a Berbuerg huet souverän mat 6:0 géint Bartreng gewonnen.
An der Tabell bleift den DT Houwald weider mat elo 14 Punkten un der Tabellespëtzt, direkt ee Punkt hannendrun ass den DT Hueschtert-Foulscht.