DëschtennisBei de Sadikovic's dréint sech villes ronderëm de klenge wäisse Ball

Bern Thill
E Portrait vun enger engagéierter Famill.
Bei de Sadikovic's dréint sech villes ronderëm de klenge wäisse Ball
E Portrait vun enger engagéierter Famill.

Ronderëm de klenge wäisse Ball dréint sech villes an der Famill Sadikovic. D’Dëschtennis-Albume si gutt gefëllt. Am Ament, nach mat Dräivéierel iwwert d’Mamm.

D’Egle Sadikovic huet litauesch Wuerzelen a koum virun 23 Joer op Lëtzebuerg. Si war zweemol Lëtzebuerger Championne an huet an der Nationalekipp gespillt.

D’Melisa studéiert zu Bréissel, spillt an der belscher Superdivisioun an zesumme mat der Schwëster Enisa an der Nationalekipp. Eng Defensivspillerin, et ginn der ganz wéineg, wéi d’Mamm wollt d’Melisa net ginn.

D’Enisa ass am Top20 an Europa bei den U19 a spillt an der 1. Bundesliga. D’Nowuesstalent mécht de Splitting op 2e am Sportslycée, an dat mécht d’Saach méi einfach, fir performant ze sinn.

De Papp huet den Dëschtennis duerch seng Fra an d’Kanner entdeckt. Hien ass Manager, Supporter, Beroder, heiansdo Coach a reegelméisseg Chauffeur.

D’Melisa huet den Dëschtennis schonn am Maxi-Cosi erlieft. Nodeems d’Mamm, no der Gebuert erëm hannert den Dësch goung an dat klengt Melisa mat an der Hal war.

Den Dëschtennis ass fest an der Famill Sadikovic verankert, an et wäert nach dacks iwwert si bericht ginn.

Back to Top
CIM LOGO