Coupe am DëschtennisHouwald an Hueschtert-Foulscht bei den Hären an der Finall, Recken an Diddeleng bei den Dammen

Jeff Birsens
E Samschdeg goufe bei den Dammen a bei den Hären d'1/2-Finalle vun der Coupe an der Coque gespillt.
© AFP (Archiv)

Bei den Häre kënnt et an der Finall zum Duell tëscht dem Houwald an Hueschtert-Foulscht. Den DT Houwald konnt sech an der 1/2-Finall knapp mat 4:3-Victoire géint Lénger behaapten a fir den DT Hueschtert-Foulscht gouf et eng méi kloer 4:1-Victoire géint Berbuerg.

Bei den Dammen heescht d’Finall dann Diddeleng géint Recken. An den 1/2-Finalle gouf et fir den DT Diddeleng eng 4:1-Victoire géint Hueschtert-Foulscht an am aneren Duell huet sech Recken mat 4:3 géint den DT Houwald duerchgesat.


D’Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen

Back to Top
CIM LOGO