Dëschtennis-ChampionnatKee Gewënner am Spëtzematch tëscht Berbuerg an Houwald

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war am nationalen Dëschtennis-Championnat den 8. Spilldag, op deem de Spëtzematch tëscht Berbuerg an Houwald am Mëttelpunkt stoung.
© RTL Archiv

Zu Berbuerg war et e Samschdeg wéi erwaart zu enger spannender Partie komm, bei där sech d’Lokalekipp um Enn mat engem 5:5 géint den Houwald getrennt huet. Béid Ekippe ware mat hire beschte Spiller besat. D’Spëtzespiller Leandro Fuentes a Benjamin Rogiers konnten allenzwee hir Optaktmatcher ouni gréisser Problemer gewannen. Wéinst enger klenger Iwwerraschung duerch de jonke Jugendnationalspiller Aaron Sahr stoung et tëschenduerch 3:1 fir den Houwald. Dëst huet sech Berbuerg awer net gefale gelooss a sou konnt am Duell tëscht béide Spëtzespiller de Leandro Fuentes en Ausruffzeeche setzen an de Rogiers mat 3:0 klappen. Well parallel och den David Henkens wanne konnt, war de Spillstand nees egaliséiert. Well och déi lescht Dubbel-Matcher jeeweils un d’Favoritten-Duo gaangen ass, sollt et op dësem Dag kee Gewënner tëscht Berbuerg an Houwald ginn, woubäi d’Gäscht liicht méi no un enger Victoire dru waren.


Den Tabelleleader Hueschtert-Folscht ass géint Esch Abol, den Zweetleschten aus der Tabell, als klore Favorit an de Match gaangen. Der Lokalekipp vun Esch war et tëschenzäitlech zwar gelongen, e Wuert matzeschwätzen, ma um Enn sollt de Gaascht awer d’Iwwerhand behalen a mat enger 6:3-Victoire déi éischt Tabelleplaz festegen.

En änleche Spillverlaf gouf et dann och zu Recken, wou d’Haushären als klore Favorit an d’Partie gaange sinn, ma et vun engem engagéierte Géigner vun Iechternach net all ze liicht gemaach kruten. Och hei gouf et um Enn e 6:3-Succès fir d’Ekipp vu Recken, déi mat dëser Victoire op der 4. Plaz an der Tabell steet.

Gutt geschloen huet sech e Sonndeg fir den Ofschloss vum Spilldag dann den Tabelleleschte vu Lenneng, fir déi et eng 4:6-Defaite géint den Zweete Lénger gouf. No engem gudde Start an de Match war Lénger wéi erwaart 2:0 vir, ma duerch eng Victoire ouni Sazverloscht vum Pit Scholtes an engem Succès vum Arlindo De Sousa stoung et op eemol nees 2:2. No weidere gudde Leeschtunge vu Lenneng war et mat engem 4:4-Remis aus den Eenzelen an d’Dubbele gaangen. Hei war Lénger dann awer eng Nummer ze grouss a sou konnte si d’Victoire, méi knapp wéi erwaart, um Enn mat Heem huelen.

D’Resultater am Iwwerbléck

Link:


De Bericht vun der FLTT iwwer den 8. Spilldag

Back to Top
CIM LOGO