
Um zweeten Dag vun der Dëschtennis-EM am sloweenesche Ljubliana waren e Méindeg eng Rei Lëtzebuerger am Asaz.
Kee glécklechen Optakt an d'EM hat dobäi de Luka Mladenovic, dee sech a sengem éischte Match an der Gruppephas huet misse géint den Hollänner Ivan Kahn geschloe ginn. No engem 0:2-Réckstand krut de Lëtzebuerger sech nach eemol op 2:2 erugekämpft, huet dann awer den decisive Saz knapp verluer.
Besser ass et dogéint bei den Damme gelaf. D'Ni Xia Lian huet sech am éischte Match vun der Gruppephas mat 3:1 géint d'Slowenin Lara Opeka duerchgesat a fir d'Enisa Dadikovic gouf et eng 3:0-Victoire géint d'Amelia Uce-Nikolov aus Nordmazedonien.
Am Dubbel vun den Hären huet sech den Duo Mladenovic/Van Dessel mat 3:1 géint d'Serben Levajac/Dilas duerchgesat an domat den Ticket fir d'1/16-Finalle gezunn. Bei den Dammen huet d'Enisa Sedikovic zesumme mam Hannah Silcok aus Jersey géint de spueneschen Duo Xuan/Rad mat 2:3 de Kierzere gezunn.