
Op der Dëschtennis-EM zu Ljubliana gouf et fir d'Lëtzebuerger Spillerinnen am Eenzel en immens erfollegräiche Mëttwochowend.
D'Ni Xia Lian huet mat enger exzeptioneller Leeschtung d'Franséisin Charlotte Lutz, d'Nummer 8 aus Europa, eliminéiert. Dobäi war et ufanks onglécklech lassgaange fir d'Lëtzebuergerin. Trotz 9:7-Féierung huet si den éischte Saz nach mat 9:11 verluer. Eng kloer Reaktioun gouf et dann awer direkt am zweete Saz, dee si dominéiert huet. An deenen nächsten zwee ausgeglachene Sätz ass op en Neits jeeweils ee Saz un déi Zwee gaangen. Am fënnefte Saz gouf et dann eng weider dominant Leeschtung vum Ni Xia Lian an am sechste Saz konnt direkt den éischt Match Ball genotzt ginn, fir d'Partie sensationell ze entscheeden an den Ticket fir d'1/16-Finallen ze buchen.
Virdrun hat sech och schonn d'Sarah de Nutte fir d'1/16-Finallen am Eenzel qualifizéiert. Géint d'Serbin Reka Bezeg huet si sech däitlech mat 4:0 duerchgesat.
En Donneschdeg geet et direkt scho weider mat der nächster Ronn. Ëm 15:20 geet et fir d'Ni Xia Lian géint d'Ukrainerin Margaryta Pesotska (Nummer 21) a fir d'Sarah de Nutte steet d'Nummer 3 Han Ying géigeniwwer.