
D'Ni Xia Lian huet sech en Donneschdeg op der Dëschtennis-EM zu Ljubljana a Slowenien fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert. D'Lëtzebuergerin huet sech no engem richtege Krimi a siwe Sätz mat 4:3 géint d'Ukrainerin Margaryta Pesotska behaapt.
Am Ufank vun der Partie hat et nach no engem klore Succès ausgesinn. D'Ni Xia Lian hat den éischte Saz souverän gewonnen an hat nom Sazausgläich hir Féierung op 3:1 ausgebaut. Ma d'Nummer 21 op der Welt konnt eng weider Kéier ausgläichen, sou datt d'Decisioun am decisive siwente Saz gefall ass. Beim Stand vu 4:4 war d'Lëtzebuergerin op 10:5 dovunner gezunn, ma d'Ukrainerin konnt déi véier Matchbäll ofwieren. De fënnefte Matchball konnt d'Ni Xia Lian dunn awer notzen an d'Partie gewannen.
An den Aachtelsfinalle kritt d'Ni Xia Lian et e Freideg mat der Gewënnerin aus dem Match Annett Kaufmann a Yang Xiaoxin ze dinn.
Fir d'Sarah De Nutte ass d'Dëschtennis-EM no de 1/16-Finallen eriwwer. Si huet hir Partie géint d'Han Ying, d'Nummer 3 op der Welt, mat 0:4 an de Sätz verluer.