All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.

Am RTL Podcast „Drëtt Hallschent, de Sport-Talk“ ass dës Woch de Ralph Diseviscourt eisen Invité.

Am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer a Rich Simon erzielt den Ultra-Cyclist ënnert anerem iwwer säi 24-Stonne-Weltrekord, iwwer seng Konkurrenten, d'Ernierung an den Dopping. Hie gëtt awer och Tipps, wat ee muss maachen, wann ee gären eng Ultra-Course fiert.

De komplette Podcast fannt Dir och op Spotify an iTunes.

Drëtt Hallschent, de Sport-Talk mam Ralph Diseviscourt

Weider Episode vun "Drëtt Hallschent"