Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch den Trainer vun der UN Käerjeng.

De Marc Thomé ass dës Woch Invité an eisem Podcast "Drëtt Hallschent de Sporttalk". Mam Futtball-Trainer vun der UN Käerjeng hu mer ënnert anerem iwwert d‘Reprise vum Championnat no der Wanterpaus geschwat.

Seng Ekipp ass direkt elo op eng Relegatiounsplaz zeréckgefall. De 59 Joer alen Thomé huet eis erzielt, datt hien no engem Match ni schlofe kann, egal ob verluer oder gewonnen. Dann huet de fréiere Spiller vun ënnert anerem der Jeunesse ënnerstrach, datt hien ni e Club vum Flavio Becca trainéiere wäert, well hien d‘Frëndschaft mam Mäzen net op d‘Spill setze wëll.

De Marc Thomé iwwert de Flavio Becca / Reportage Franky Hippert

Den zéngfache Nationalspiller huet eis awer och iwwert seng Enttäuschung geschwat, wéi hien 1990 bei der knapper 2:3-Defaite géint de frëschgemaachene Weltmeeschter Däitschland net vum deemolegen FLF-Nationaltrainer Paul Philipp agewiesselt gouf. De Marc Thomé ass zwar net ëmmer mat allem averstanen, wat den aktuellen FLF-Coach mécht, fënnt awer de Futtball, dee gespillt gëtt gutt, a seet, datt een de Luc Holtz och weiderhin un der Säitelinn vun de Roude Léiwe soll halen.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 100 (Marc Thomé)

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes