An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch den Trainer vun der Escher Jeunesse, de Reinhold Breu, beim Sam Rickal op Besuch.

Zanter dësem Summer setzt de 55 Joer jonke gebiertege Bayer beim Lëtzebuerger Futtball Rekordchampion op der Trainerbänk. Viru senger Statioun bei de Schwaarz-Wäisse war de Reinhold Breu ënner anerem och 10 Joer als Directeur Technique an Trainer bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun.

Am Podcast mam Sam Rickal huet de fréiere Profi vun ënner anerem Eintracht Tréier an och 1860 München iwwert déi aktuell Situatioun bei der Jeunesse a seng Karriär als Spiller geschwat. Donieft gouf awer och de Lëtzebuerger Futtball an Däitschland als nächste Géigner vun de Roude Léiwen an der WM-Qualifikatioun e Freideg zu Sinsheim ënnert d'Lupp geholl.

Podcast Drëtt Hallschent Episdo 204: Reinhold Breu

En neie Projet mat jonke Lëtzebuerger Talenter

Virun der neier Saison gouf et beim Rekordchampion ee gréisseren Ëmbroch. De Reinhold Breu gouf als neien Trainer an als Directeur Technique vun der Escher Jeunesse virgestallt. Verstäerkt huet sech de Veräin vum President Marc Theisen mat jonke Lëtzebuerger Talenter, wéi ënner anerem dem Tim Flick oder dem Leon Elshan. Finanziell stinn déi Escher zwar op stabille Been, mussen awer nach méi kleng Bréidercher baken.

"Fir mech waren déi éischt Méint spannend, well mir et anescht maache wéi aner Veräiner. Si setzen op Lëtzebuerger Talenter. Dat ass eise Projet. Ech weess awer och, datt dee Projet wuesse muss. Dat brauch Zäit." No 9 Spilldeeg steet d'Jeunesse mat 9 Punkten op der 10. Plaz an der Tabell.

10 Joer bei der FLF

Vun 2011 bis 2021 war de Reinhold Breu a verschiddene Positioune bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Den däitschen Trainer huet zesumme mam fréieren Nationaltrainer Luc Holtz de Futtball am Grand-Duché ëmgekrempelt. "Dat war dat spannendst an erausfuerderendst, wat ech jee a mengem Liewe gemaach hunn. De President huet eis schaffe gelooss, hat awer kloer Virstellungen."

No senger Zäit zu Lëtzebuerg huet dem gebiertege Bayer säi Wee iwwer Austria Wien bei de litauesche Verband gefouert. Als Interimstrainer vum A-Kader huet de 55 Joer alen Däitschen 2022 an der Nations League am Stade de Luxembourg 0:1 géint d'FLF Selektioun verluer.

De grousse Match géint Däitschland

E Freideg kritt et déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an der WM-Qualifikatioun auswäerts zu Sinsheim mat Däitschland ze dinn. Déi lescht Partie tëscht deenen zwou Natiounen ass 19 Joer hir. Kuerz virun der Weltmeeschterschaft 2006 am eegene Land konnt sech d'DFB-Ekipp 7:0 behaapten. De Lëtzebuerger Futtball huet zanterhier Progrèse gemaach. Deemno traut den Däitsche Reinhold Breu der Ekipp vum Jeff Strasser eng gutt Prestatioun zou an dréckt och de Lëtzebuerger d'Dommen.

"Mir hunn näischt ze verléieren. Mir hunn 100 Veräiner. Wann een d'Potential gesäit, wat déi Däitsch hunn, ass d'Ekipp vum Jeff Strasser de krassen Underdog. Ech mengen awer, datt d'FLF-Selektioun sech net verstoppe muss, well net fir näischt spille 24 Spiller am Ausland.(...) Ech si fir déi éischte Kéier net op der däitscher Säit, mee hale mat de Lëtzebuerger, well ech vill Nationalspiller an den Nationaltrainer gutt kennen." 

Den däitschen Expert a fréieren Trainer Peter Neururer huet an engem Interview déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp als "Hüttchen mit Beinen" tituléiert. De Reinhold Breu huet dozou eng kloer Meenung: "Ech mengen déi Däitsch sollen de Ball flaach halen, well wann s de an der FIFA-Weltranglëscht op Plaz 12 läis, dann ass et net den Zäitpunkt, fir sou ofwäertend iwwert e Géigner ze schwätzen."

D'Drëtt Hallschent mam Reinhold Breu kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.