Den Ivanilsonlpvm representéiert Atert Bissen op der eChampions League

© Orange/FLF
Vum 16.-18. Mee 2025 ass dës eSport-Versioun vun der Champions League an hei wäert de Champion vun der Orange eLeague, den Ivanilsonlpvm mat um Start sinn.
36 professionell Spiller aus europäesche Veräiner hu sech fir d'eChampions League zu Manchester qualifizéiert, dorënner och de Lëtzebuerger Ivanilsonlpvm, dee fir Atert Biissen spillt an dëst Joer och d'Orange eLeague konnt gewannen. Dohier krut hien och seng Plaz zu Manchester dëse Weekend.
Iwwer zwee Deeg lafen d'Matcher iwwert de Weekend, all Spiller spill 10 Matcher un der Zuel, dat géint aner Profien aus sougenannten "European FC Pro Leagues", déi sech fir dës prestigiéis eSport-Competitioun konnte qualifizéieren.
Déi 24 beschte Spiller kommen da weider a mussen dann an enger Eliminatiounsphas den 18. Mee géinteneen untrieden. Hei geet et dann ëm eng vun 8 Plaze fir d'Finall vun der eCL (eChampions League). D'Véierelsfinallen, Halleffinallen an d'Finall gëtt dann zu Münche gespillt. Hei geet et ëm e Präisgeld vun iwwer 380.000 Dollar am Ganzen, eleng de Gewënner kritt 75.000 Dollar.
Den Ivanilsonlpvm wäert gin Spiller vu Manchester City, AC Oulu, KAA Gent, Juventus Dsyre, LOSC eSports a VfL Bochum 1848.
De Stream vun EA Sports gëtt et hei!