Déi 2. Saison vun der Orange eLeague am FIFA22 ass lancéiert

103 Futtball-Clibb an eng ganz Parte Participanten gi fir d'Editioun 2022 erwaart.
Organiséiert gëtt déi 2. Editioun vun der Orange eLeague och dëst Joer nees a Kooperatioun tëscht der FLF, der Luxembourg Esport Federation (LESF) an Orange Luxembourg, dëst Joer iwwregens am Parrainage mam Lëtzebuerger Nationalspiller Maurice Deville.
De Gewënner vun der Orange eLeague wäert da spéider op d'EA Sports FIFA 2022 Global Series geschéckt ginn a Lëtzebuerg op internationalem Plang representéieren.
Matmaache kënnen dëst Joer 103 Clibb aus der Nationaldivisioun bis hin zu der 3. Divisioun. Ma d’Spiller brauchen net an deem Veräin lizenzéiert ze sinn.
Gespillt gëtt FIFA 22, dat op der Playstation 4 an op der Playstation 5, de Spill-Modus ass FIFA Ultimate Team, mat Konte vun EA Sports, wou dann d'Spiller online am 1v1 géinteneen untrieden. Matmaache kann all Lëtzebuerger oder Resident vu 16 Joer un. D'Präisgeld, dat et niewent engem Ticket op d'Global Series gëtt, läit bei minimum 5.000€.
Hei déi konkret Stéchdatumer am Iwwerbléck
Datumer fir d'Team-Matcher:
Aschreiwung: 31.01.2022 – 16.02.2022
Qualifier Dag 1: 19.02.2022
Qualifier Dag 2: 20.02.2022
Regulär Saison: 16.03.2022 - 11.05.2022
Datumer fir déi individuell Matcher:
Open Qualifier 1: 19.03.2022
Open Qualifier 2: 09.04.2022
Playoffs: 14. a 15.05.2022
Grouss Finall: 26.05.2022
Méi Infoen ginn et am offizielle Communiqué vun der Orange eLeague an um offizielle Site respektiv op Facebook! Weider Detailer ginn et dann nach an dësem Schreiwes vun Orange.