D'Spiller vun U.N Käerjeng 97' wäerten, no hirer Victoire an der Team-Editioun vun der Orange eLeague, och an der Individual-Finall dobäi sinn.

E Méindeg den Owend war an de Stad d'Soirée Dribble d'Or vun der Saison 2022 an der BGL Ligue, wou déi beschte Spillerinnen a Spiller, déi beschte Goalkeeperinnen a Goalkeeper an déi beschten Traineren ausgezeechent goufen.

Nei dëst Joer ass de Präis an der Kategorie e-Sport, deen un d'Gewënner vun der Team-Editioun vun der 2. Saison an der Orange eLeague goung.

An der BGL Ligue, ass et den Dejvid Sinani vum F91 Diddeleng, deen de Präis vum beschte Spiller vun der Saison kritt. Dat nodeems hie mat senger Ekipp Champion vun der Liga ginn ass. Bei de Fraen ass et d'Amy Thompson vum FC Mamer 32, dat beschte Spillerin vun der Saison gëtt. De beschte Spiller an der Éierepromotioun gëtt de Fine Bop vun der Jeunesse Kanech.

Wat awer elo den e-Sport betrëfft, sinn et de Kevin Vieira an den Diogo Santos vun U.N. Käerjeng déi de Präis iwwerreecht kruten, dat nodeems se déi 2. Saison vun der Orange eLeague (Team Edition) konnten no 8 Woche fir sech entscheeden.

Béid Spiller wäerten dann och en Donneschdeg bei der individueller Finall matmaachen, dat am Loft zu Conter, wou dann och aner Gamer wäerten ëm den Titel vum beschte Spiller kämpfen. Spectateure kënne vu 14 Auer un sur Place zu Conter dobäi sinn, déi grouss Finall selwer wäert dann um 18 Auer sinn.

Hei geet et bei de Stream vum Event!