Den Titel vum Europameeschter a 6.000 US-Dollar Präisgeld ass dëst Joer un Holland gaangen.

Vum 24. Mee bis zum 27. Mee 2022 huet d'World Esports IESF déi beschte Rocket League Ekippen aus ganz Europa zur Europameeschterschaft agelueden. Och Lëtzebuerg war dobäi an huet sech ënnert dem Stréch gutt verkaaft!

Enn Abrëll gouf vun der LESF (Luxembourg eSport Federation) en Qualifiéier organiséiert fir de Lëtzebuerger Vetrieder fir d'Europameeschterschaft ze fannen. Duerchsetze konnten sech dräi Spiller, déi säit engem Joer ënnert dem Numm Team Lëtzebuerg zesummenspillen an sech domat fir d'Europameeschterschaft zu Baku qualifizéiert hunn. Des wieren den Eric “Kuroi” Hilger, den Andi “Prizze” Di Domenico an Loris “LorisRaptor” Centrone.

RTL

Hir beschwéierlech Rees huet dunn offiziell den 23. Mee ugefaangen, andeems si mat engem Vetrieder vu LESF op Baku geflu sinn. Wéinst schlechte Wiederkonditiounen ass aus hirem 6-Stonnen-Fluch allerdéngs en 15-Stonnen-Fluch ginn, wat d'Viraussetzunge fir en erfollegräichen Turnéierstart minimiséiert huet, well nëmme wéineg Zäit bliwwen ass, fir ze schlofen an ze trainéieren.

De 25. Mee ass et dunn offiziell lassgaangen. Lëtzebuerg war an enger Grupp mat Monaco, der Slowakei, Spuenien a Wales an et ass drëms gaangen ënnert déi beschte véier Ekippen ze kommen. An intensiven a knappe Matcher ass et Team Lëtzebuerg och gelongen dëst Konschtstéck ze vollbréngen. Als Véiert sinn si an den zweeten Tour agezunn. Domat war d'lëtzebuergesch Ekipp schonn emol sécher op der aachter Plaz. Hei fann Dir d'Resultater nach eng Kéier vun der Gruppephas:

RTL

De 26. Mee ass et dunn fir déi qualifizéiert Ekippen an engem "Double Elimination-System" weidergaangen. Do ass Lëtzebuerg op Schweden, de Gewënner vun der Grupp A, getraff. Dësem Géigner hunn si sech allerdéngs kloer misse geschloe ginn. Doropshin ass et fir si am Loser Bracket weidergaangen, wou si op en bekannte Géigner getraff sinn. An fënnef intensiven a serréierte Matcher hunn si géint Slowakei hir bescht Leeschtunge gewisen, mä leider sollt et ganz knapp net duergoen fir weiderzekommen. Domadder war den Turnéier fir Team Lëtzebuerg och leider eriwwer an si schléissen d'Europameeschterschaft op enger sensationeller siwenter Plaz of.

RTL

Den Titel vum Europameeschter a 6.000 US-Dollar Präisgeld ginn un d'Hollänner. Déi zweet Plaz huet iwwerdeems Schweden beluecht an d'Bronzemedaile ass u Spuenien gaangen.