
© Zero Latency Luxembourg/VR League Luxembourg
Op deem Weekend gëtt et eng Première an der Lëtzebuerger Gamingwelt: D'Finallen vun engem internationale Virtual Reality-Turnéier, dat zu Miersch.
D'Plaz déi predestinéiert ass, fir d'Finall am Spill "Sol Raiders" z'organiséieren, a sech op déi virtuell Realitéit am Gaming spezialiséiert huet a wou och mol trainéiert gëtt, ass d'Struktur vu "Zero Latency".
Dëst ass eng international Kompetitioun an engem méi bekannten Ekippe-VR-Shooter, déi den 19. Februar an der Finall op en Enn geet, wéi gesot eng Première an der Lëtzebuerger-Gaming-Welt. Hei wäerten déi beschte Spiller aus der ganzer Groussregioun géinteneen untrieden, fir dann schlussendlech de Champion ze kréinen.
Dat interessant hei ass, dass d'Spill effektiv an enger grousser Hal, wéi déi zu Miersch, muss gespillt ginn, well sech d'Spiller fir dëst VR-Spill och fräi beweege mussen. Hei hunn d'Spiller dann iwwer 200 Quadratmeter zur Dispositioun, fir an 2 Ekippen géinteneen a 15 Minutten alles ze ginn. Dëst grenzt sech also vu villen anere Spiller an der Welt vun der virtueller Realitéit of, well een eben hei net virun engem Bildschierm mat sengem Helm sëtzt a sech och net wierklech grouss beweegt.
D'Finall vun dësem Turnéier ass wéi gesot e Sonndeg, den 19. Februar bei "Zero Latency" zu Miersch, wou déi 8 bescht Ekippen aus der Groussregioun mat all Kéier tëscht 3 a 5 Spiller géinteneen untrieden. Schlussendlech kënnen déi 2 bescht Ekippen aus dëser Finall Lëtzebuerger zu Milan am Abrëll representéieren, wou dann den internationale Gewënner ermëttelt gëtt.
Suivéiere kann een dës Finall den 19. Februar 2023 tëscht 14 an 20 Auer op Twitch vun LGXOnline.
Weider Infoen vun der VR League ginn et op Facebook an Instagram!