„Immortals Fenyx Rising“ gesäit grafesch wonnerschéin aus, bitt vill Ofwiesslung an huet impressionant inzenéiert Kämpf. Gewannt d'Spill eemol fir d'PS4.

Déi griichesch Mythologie ass eng wonnerbar Inspiratiounsquell fir spannend Geschichten. Gëtter wéi den Zeus, d’Aphrodite oder den Hermes, respektiv Monsteren, wéi de Minotaurus oder d’Medusa, bidde masseg Material fir Serien, Filmer a Videospiller. Dësen Zenario huet Ubisoft elo fir säin neit Open-World-Spill erausgesicht. Den David Winter aus der RTL-Gaming-Redaktioun huet sech d’Spill fir eis ugekuckt.

Immortal Fenyx Rising - Reportage David Winter

Den Zeus huet e Problem: Hien ass dee leschte Gott, deen d’Monster Typhon nach net eliminéiert huet. Hie sicht dohier Hëllef beim Prometheus, ma deen ass sech awer sécher, dass just e Mënsch d’Gëtter rette kann.

An hei trëfft de Gamer och schonn seng éischten Decisioun, sou de Jan Kuhlmann vun Ubisoft: „Du kannst sowohl als Frau oder als Mann spielen und es ist auch so, dass diese beiden Geschlechterrollen entsprechend im Spiel vertont sind, die Außenwelt auch darauf reagiert. Und Du hast natürlich alle Möglichkeiten, Haarfarbe, Augenfarbe, Hautfarbe Deines Charakters zu individualisieren.“

Nodeems de Charakter gemaach ass, mécht sech de Fenyx, wéi den Held oder d’Heldin heescht, op de Wee. D’Spiller zéien duerch eng Open-World, wou een dann Zil-gesteiert d’Story spille kann. Ma et mécht awer wéi ëmmer méi Spaass, d’Welt méi genee z’entdecken: „Die Spielewelt bietet Dir sieben unterschiedliche Regionen, in denen Du sehr viel erkunden und entdecken kannst. Es gibt Aussichtspunkte, es gibt Rätsel und verschiedene Herausforderungen, und auch einige Bossgegner, die Du dann im Verlauf des Spiels auch erst einmal besiegen musst.“

„Immortals Fenyx Rising“ gesäit grafesch wonnerschéin aus, bitt vill Ofwiesselung an huet impressionant inszenéiert Kämpf. Et ass einfach e geniaalt Erliewniss, dem Medusa, dem Minotaurus oder e puer Zyklopen eng op den Deckel ze ginn, ma ganz eescht hëllt d’Spill sech awer net.

„Immortals Fenyx Rising“ gëtt et fir d’Nintendi Switch, Xbox, PC an och fir d’Playstation 4 oder 5… A fir d’Playstation kënnt der d’Spill elo bei eis gewannen!