Wien gäre mol um Computer sëtzt a sougenannten Opbau-Strategie-Spiller à la „Siedler“ oder „Tropico“ zockt, deem misst ouni Zweiwel „Anno“ e Begrëff sinn.

Zënter Enn de 90er-Jore gëtt et schonn déi däitsch Videospill-Serie an déi hunn elo en Dënschdeg (16.4) hire neisten a laangerwaarten Titel mam Numm „Anno 1800“ erausbruecht.

AUDIO: Anno 1800 - Reportage vum David Winter

„Blue Byte“ heescht den däitschen Entwécklerstudio, deen eis mat „Anno 1800“, wéi de Numm et scho seet, an dat 19. Joerhonnert zeréckversetzt, also der Zäit vun der Industrialiséierung, der Diplomatie an de groussen Entdeckungen. An och am elo scho 7. Deel, ass dëse Setting entscheedend fir d’Spillgefill fir d’Anno-Serie, esou de Creative Director vum Spill, den Dirk Riegert.

„Das Setting ist immer ein ganz entscheidender Faktor, denn das bestimmt ganz viele Spielelemente. So
auch bei Anno 1800, denn durch die industrielle Revolution kommen eben die Arbeiterbewegung,
Arbeitskraft generell als Spielthema, das Aufkommen von Zeitungen, dann Expeditionen und viele andere
Themen auf, die direkt das Spielgeschehen beeinflussen.“

D’Entwécklung vun der landwirtschaftlecher Siidlung bis hin zu der grousser Industriestadt mat Zooen, Muséeën, Zich a Fabricken ass och hei nees extrem spannend inzenéiert. Och um Mier ass eng lass: Sou fiert een ufanks mat Seegelschëffer, dono kann een da mat grousse Krichsschëffer duerch d’Géigend fueren. De Prinzip vun Anno bleift egal wéi erhalen, an zwar de Spiller d’Méiglechkeet ze bidden, fir eng eenzegaarteg Welt ze kreéieren.

„Die Städte in Anno, die können beliebig groß werden. Und das Ganze muss man sich vorstellen wie einen
Sandkasten, in dem der Spieler bauen kann – nach den Spielregeln natürlich, aber was er möchte. Die
einzigen natürlichen Grenzen, die der Größe einer Stadt gesetzt sind, sind natürlich die Ausmaße einer
Insel. Aber wir wissen, die Spieler sind da sehr, sehr erfinderisch – und die Inseln sind oft sehr, sehr groß
– also wir richten uns auf riesige Metropolen und große Hafenstädte ein.“

Iwwregens kann ee wéi gewinnt géint computergesteiert Géigner spillen, ma et ass awer och méiglech géint aner Spiller am Multiplayer-Mode ze zocken. Hei kann een dann decidéieren, op een sech géigesäiteg ënnerstëtzt fir seng Welt opzebauen oder géintenee spillt. Krich wier just eng vu villen Optiounen, fir Anno ze spillen. Op alle Fall bitt d’Spill Stonnen u Spillspaass, eppes dat Fans schonn zënter der éischter Stonn un der Anno-Serie schätzen.

Gewannt mat e bësse Chance d'Deluxe-Edition vun Anno 1800 a beäntwert eis dës Fro!