"The Void" Las Vegas: Virtuell Realitéit op engem ganz anere Level

© The Void
Ghostbuster, Ralph Breaks VR, Nicodemus oder awer léiwer Star Wars? Fir mech war de Choix séier getraff... An et huet sech gelount.
Bei engem Las Vegas-Trip gehéiert et wuel och dozou, fir sech all déi Hoteller a Casinoen, wou jidder säin eegene Charme huet, unzekucken. Esou sinn meng Fra an ech duerch den "The Venetian" getrëppelt, fir eis dee Kanal, deen um éischte Stack vum Gebai verleeft, emol unzekucken. Beim laanscht d'Waasser schlenderen, wou och richteg Gondelen dra gefuer sinn, si mer éischter duerch Zoufall op "The Void" getraff. Et war e klenge Buttek, deen engem net direkt opgefall ass. Ma meng Fra an ech, béid grouss Star Wars-Fans, hunn direkt de Logo vu "Star War: Secrets of the Empire" gesinn.
Mir sinn also an d'Geschäft eragaangen a séier huet sech erausgestallt, datt mir hei e Spill kéinte spillen, Virtual Reality. Schued, sot ech zum Mataarbechter, mir gëtt et schlecht bei esou Spiller, well dacks déi Beweegungen um Schierm net mat deem iwwerteneestëmmen, wat mäi Kierper spiert oder ech erliewen. De Mann huet mer verséchert, datt dëst hei net de Fall wier a säin Aarbechtskolleg huet nach bestäerkt, datt ech hei de Gros vun de Beweegunge selwer kéint steieren. Ok, probéiere mer et. Ëmgerechent hu mer ronn 30 Euro pro Kapp fir eng hallef Stonn Spaass bezuelt.
Mir hate 4 Themen zur Auswiel: "Ralph Breaks VR", "Nicodemus: Demon of Evanishment", "Ghostbusters: Dimension" oder nach "Star Wars: Secrets of the Empire". Natierlech hu mir eis fir de leschten Entscheet, wat schonn d'Motivatioun war, fir iwwerhaapt an de Buttek ze goen.
VR an enger (fir mech) komplett neier Dimensioun
Fir unzefänken goufe mer an eis Missioun ageweit. Dat vu kengem anerem wéi dem Captain Cassian Andor, deen am "Star Wars: Rogue One" vum Diego Luna gespillt gouf. Mir "Rebellen" sollten eng Basis vum Imperium infiltréieren, verkleet als Stormtrooper, an hei eng geheim Waff vum Imperium klauen.
Esou wäit zur Missioun, ma mir Zwee hunn nach ëmmer ausgesinn, wéi virdrun, an haten och net d'wierklech d'Gefill, datt mir Rebelle wieren. Dunn koum de VR an d'Spill. E Mataarbechter vum "The Void" huet eis eis "Rüstung" gewisen an eis gehollef se unzedoen. De Brëll gouf kalibréiert, esou datt mir déi perfekte Vue domadder haten. Mir koumen an e Raum an d'Spill ass ugaangen. Als éischt e puer Tester:
Gesäis du deng Rebelle-Kollegen a gesi si aus, wéi Stormtrooper?
- Check
Gesäis du d'Beweegungen, déi deng Kollege maachen?
- Check
Sinn et déi selwecht Beweegungen, déi déi reell Persoun gemaach huet?
- Check
Gesäis du deng eegen Hand?
- Check
Gesäis du d'Beweegung vun denger Hand?
- Check
Ass et déi selwecht, déi s du och gemaach hues?
- Check
Ma da kann d'Missioun lassgoen.
Mir koumen an den éischte Raum, pardon, an de Bauch vun eisem Transportschëff, wou mer vum Roboter K2 an engem Pilot begréisst goufen, déi eis op de feindlechen Planéit ënner Kontroll vum Imperium bruecht hunn. Mir hunn eis misste sëtzen a jo, do wou ech e Stull gesinn hunn, do war och een.
Um Planéit ukomm, goufe mer vu "feindleche" Stormtrooper empfaangen a bei e Lift bruecht. Dobäi stounge mer op enger Plattform, déi sech beweegt huet an mir hu souwuel d'Hëtzt vum Lava-Planéit gespuert, wéi och d'Loft, well mer eis dobausse beweegt hunn. Beim Lift ukomm, hu mer e Schalter misste betätegen, deen och genau op där Plaz an dësem Raum war, wou e sollt sinn an de Lift ass gaangen. Och eis reell Persounen hunn d'Beweegunge gespuert. Ënnen ukomm hu mer Waffen an engem Waffelager fonnt an dës och geholl an eis Missioun ass richteg ugaangen.

© The Venetian
D'Stormtrooper hunn eis als Feinden erkannt a mir hunn eis missten aus der Basis erauskämpfen. Dat mat Hëllef vum K2, deen eis verschidde Code gedinn huet aginn, déi Zäit wou mer ënner Beschoss vum Feind stoungen. Ouni elo ze vill vum Inhalt ze verroden: Mir hunn eis duerch verschidden Ebene a verschidde Raim gekämpft, bis mer Schluss endlech mat ganz vill Gléck dës Missioun och iwwerlieft hunn.
Et war fir mech als Star Wars-Fan en enormt Erliefnis, wat mat enge knappen 30 Minutten vläicht liicht ze kuerz war. Ma nach méi begeeschter war ech vun der ganzer VR-Technik. Ech stoung net op engem Lafband oder op der Plaz, mä hu mech reell duerch een oder verschidde Raim beweegt. Genau kann ech dat net soen, well ech esou am Spill dra war, datt ech de Brëll ni ausgedoen hunn. Dobäi war d'Technik esou gutt ofgestëmmt, datt éischtens alles genau do war, wou et sollt sinn (wann ech e Knäppche gesinn hunn, konnt ech och reell op een drécken) an zweetens huet mäi VR-Personnage alles genau dat gemaach, wat ech gemaach hunn. Sinn ech zwee Schrëtt no Vir gaangen, huet hien dat gemaach. Hunn ech mech gebéckt, huet hien dat gemaach, hunn ech aus menger "First-Person-Ego-Shooter-View" gezielt a geschoss, huet de Personnage dat och gemaach, an zwar a real time.

© The Void
Ech war wierklech begeeschtert an hu mech gutt ameséiert. A jo, mir ass et och zu kengem Moment vum Spill schlecht ginn, well de VR ebe perfekt op d'Beweegungen agestallt war. Meng Fra an ech hunn nach Stonnen dono iwwert d'Spill diskutéiert an och ville vun eise Kollegen doriwwer informéiert, wat Spezielles mir dohannen erliewe konnten.
Also sollt Dir an Zukunft eng Kéier zu Las Vegas sinn, fir all Gamer ass e klenge Besuch vum "The Void" am "Grand Canal Shoppes" am "The Venetian"-Hotel e klenge Muss.
Zu Persoun: Ech géif mech elo net als grousse Gamer bezeechnen an awer hunn ech a mengem Liewe scho Stonnen, Deeg, Wochen a Méint virum PC oder der Konsol verbruecht, fir ze zocken. Och d'Beräicher sinn do verschidden: Vu FIFA a Madden NFL, iwwer "Die Siedler" a "Stämme" respektiv vill Deeler vun der "Call of Duty"-Saga bis hin zu Red Dead Redemption a GTA.