Am Kader vun der drëtter Saison vun der Orange eLeague huelen d'Spiller vun deenen 12 Ekippen un enger Formatioun vun der LUNEX Universitéit deel.

Dës ass a 5 Seancen ënnerdeelt an dauert insgesamt 10 Stonnen. D'Formatioun soll hinnen engersäits dobäi hëllefen, hir Leeschtung un der Manette ze verbesseren. Dat andeems un der Verbesserung vun hire Reflexer geschafft gëtt. Ausserdeem spillt d'Preventioun vu Blessuren eng wichteg Roll an d'Spiller kréien Techniken fir d'Opwiermen an déi mental Preparatioun gewisen.

Wéi den Timothy Driscoll vun der LUNEX erkläert, géif d'Universitéit sech zanter 3 Joer fir den E-Sport interesséieren. Deementspriechend wier ee frou, d'Orange eLeague am Kader vun engem Partenariat ze ënnerstëtzen an op dës Manéier zu der Entwécklung vum E-Sport bäizedroen.

E weidere wichtege Schwéierpunkt vun der Formatioun ass et, de Spiller déi néideg Outilen fir den erfollegräiche Management vun hirer Karriär un d'Hand ze ginn.
Esou stounge bei der zweeter Sessioun vun der Formatioun am Gebai vun Orange d'leschte Sonndeg den Ëmgang mat de Sponsoren an de Medien um Programm.

D'Formatioun wier Deel vun de Beméiungen, den E-Sport hei am Land weider ze professionaliséieren an de Lëtzebuerger Talenter dobäi ze hëllefen um internationalen Niveau Fouss ze faassen, sou d'Barbara Fangille, déi bei Orange fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.

D'Matcher vun der Orange eLeague kënnt Dir live am Stream op RTL.lu kucken!