Orange eLeague 2023
Den 3. Spilldag vun der Saison live bei eis
No enger Paus sinn mir um Mëttwoch 12. Abrëll zréck fir den 3. Spilldag an der Orange eLeague. Iwwerdroe gëtt wéi gewinnt vun 19 Auer un.
Den Toppmatch Swift Hesper (1.) géint Alisontia Steesel (3.) gëtt live am Stream op RTL an Twitch iwwerdroen.
Den Hesper Spiller “Louislux8” versicht géint de “SaRo_09x” senger Favoriteroll gerecht ze gin, dëst géint säin alen Veräin. Den “LxbFifa” hëlt et mam Louis sengem Ex-Teamkomerod “Jordan” op.


Steesel huet mat der US Hueschtert (5.) e weideren staarken Géigner ob dësem duebelen Spilldag.
Aner interessant Dueller ginn et tëscht der Union Réimech-Bous (4.) an dem Progrès Nidderkuer (2.) an der Fola Esch (12.) an dem Racing Ëlwen (11.)
Hei den 3. Spilldag am Iwwerbléck:


Am meeschte gelies